Fanger-Stempelen: Déieren – VERGRAFF

Dëst Buch stécht voller Iddie fir Fangerofdréck an et ass genuch Plaz do, fir denger Fantasie fräie Laf ze loossen. Huel den Deckel vun de Kësse mat der Tënt erof, tupp d’Spëtzt vun engem Fanger an eng Faarf, sich der eng flott Virlag eraus a lass geet et!

Vill Spaass! An denk drun: Faarwen + Fangeren = Furri!

 

E Buch mat 64 Säiten a 7 Stempelkëssen, fir mat de Fanger ze molen. International sinn esou Bicher grad ganz “in”. (Net fir Kanner ënner 36 Méint gëeegent. „Spill-Buch“ just ënner Opsiicht vun Erwuessene benotzen. Nom Fangerstempelen d’Hänn gutt wäschen. Gemaach aus Pabeier aus nohaltege Sourcen. Batterstoff: Denatonium Benzoate. Konservéierungsmëttel: Ethylparaben a Sodium Dehydroacetate.)

Fiona Watt (Text), Erica Harrison (Biller)
Fanger-Stempelen: Déieren
Mat 7 Stempelfaarwen!
ISBN 978-99959-39-76-2
Vivi Kremart
14 Euro