Wéi een e Reebou fänkt – VERGRAFF

“Wéi een e Reebou fänkt” ass eis éischt SUPERFLOTT Koproduktioun mat “Oxford University Press”: D’Frutz huet Reebéi immens gär. Et ass frou mat hire blénkege Faarwen a mat hire geschwongene Formen. Méi wéi alles anescht wënscht et sech, datt et selwer een hätt. Dofir wëll et ee fänken – et gëtt eng Reebou-Fänkesch! Villes leeft dobäi awer net esou wéi geduecht an d’Frutz ka sech säi Wonsch just mat Kreativitéit a mat Virstellungskraaft erfëllen …

Offiziell virgestallt gëtt d’Buch um Kannerbichermaart den 28. Januar zu Diddeleng. Weider Liesunge sinn ënnert anerem zu Jonglënster an zu Bäerdref geplangt.

Wéi een e Reebou fänkt
Naomi Jones (Text), Ana Gomez (Illustratiounen)
Iwwersetzung: Luc Marteling
ISBN 978-2-919781-38-6
32 Säiten • 18 €

Iwweregens:

Vun de selwechten Autorinnen Naomi Jones (Text) an Ana Gomez (Illustratiounen) bréngt Kremart am Hierscht 2023 nach eng zweet Geschicht eraus. Och dora geet et ëm Kreativitéit an och si ass nees immens, immens flott geschriwwen an illustréiert. Hei en Auszuch aus eisem Katalog:

 

Naomi Jones (Text) an Ana Gomez (Illustratiounen)
Wéi een eng Geschicht erfënnt
Iwwersetzung: Luc Marteling

ISBN 978-2-919781-38-6
32 Säiten • 18 €