Guckuck, klenge Chamäleon
E weidert super flott Buch vum Anita Bijsterbosch mat Kartongssäiten: Guckuck, klenge Chamäleon!
Dat ass eng Sich-a-fann-Geschicht voller Faarwen, Zuelen an Déiere fir Kanner vun 30 Méint un, mat engem spezielle Fokus op d’Sproochentwécklung an op Kartongssäiten.
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2019/07/Chamäleon-Cover.jpg)
D’Mamma Chamäleon an dee klenge Chamäleon spille Stoppches. Dee klenge Chamäleon spillt dat immens gär. Hie kennt e puer extra Tricken, fir sech ze verstoppen. Kanns du hëllefen, dee klenge Chamäleon ze fannen?
Anita Bijsterbosch
Guckuck, klenge Chamäleon
ISBN 978-99959-39-73-1
18 Säiten aus Kartong • 14,95 €
Vun der hollännescher Autorin an Illustratrice Anita Bijsterbosch huet Kremart ewell eng Rëtsch Bicher publizéiert, ze kréie sinn nach “Jidderee gaapst” a “Wann ech grouss sinn“.