D’Buedwaassa-Monsta – VERGRAFF
Den Tony Ross ass bei Kremart Edition gelant! De bekannte briteschen Auteur an Illustrateur, Joergang 1938, kann op eng „carrière prolifique“ zeréckkucken.
![IMG_3437](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2016/03/IMG_3437-300x225.jpg)
Pénktlech virun Ouschteren an en Vue vum internationale Kannerbuch-Dag den 2. Abrëll stellt Kremart Edition direkt zwou Iwwersetzunge vu Bicher vum Tony Ross vir: e ganz neit Wierk an e Klassiker, deen antëscht schonn drësseg Joer um Bockel huet, ma nach ëmmer kleng, aristokratesch a beléift ass …
„D’Buedwaassa-Monsta“ ass déi genial Geschicht vum Mathis a vum Tunn, déi näischt léiwer hunn, wéi sech dreckeg a knaschteg ze maachen. An da musse si an d’Bidden.
![IMG_3441](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2016/03/IMG_3441-300x225.jpg)
Ma hues du dech schonn eng Kéier gefrot, wou dat knaschtegt Waasser aus der Bidden hileeft? D’Buedwaassa-Monsta schluppt et natierlech! Dat ass säin Zweetliiblingsiessen a kee wëll wëssen, wat et am léifste frupst …
![IMG_3439](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2016/03/IMG_3439-300x225.jpg)
De Luc Marteling war direkt mega begeeschtert vun dëser Geschicht vum Colin Boyd an Tony Ross an huet se prompt op Lëtzebuergesch iwwersat. Aus „The Bath Monster“ ass „D’Buedwaassa-Monsta“ ginn.
Radio Lëtzebuerg – kuerz (um Wupp) – iwwert d’Monsta 🙂
D’Buedwaassa-Monsta
Kremart Edition
ISBN 978-99959-39-32-8
28 Säiten
12,95 Euro
![Buedwaasser_Monsta_Cover_LU.indd](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2016/03/Buedwaasser_Monsta_Cover-1694x2000.jpg)