Ray – E klengt Insekt weist de Wee

D’Maus ass op esou engem schéinen Trëppeltour, datt se guer net matkritt, wéi d’Zäit vergeet. Wéi d’Schieter méi laang ginn an et op eemol däischter gëtt, kritt se et mat der Angscht ze dinn. Ma dann daucht e Gehaansfénkelche mat sengem Liicht op. De Glüwiermche seet: »Ech sinn de Ray an ech weisen der de Wee!«

Begleet d’Maus an hir Frënn (déi natierlech all guer keng Angscht virun der Däischtert hunn) op engem Nuetstripp voller Iwwerraschungen … Mir si vum »Ray« begeeschtert: supergutt geschriwwen an onmoosseg flott illustréiert. Ma iwwerzeegt Iech selwer!

»Ray« ass ewell déi drëtt Zesummenaarbecht vu Kremart Edition mat Oxford University Press – dëst no Wéi een e Reebou fänkt (scho vergraff) a Wéi een eng Geschicht erfënnt (nach zimmlech nei)!


Alex Latimer
Ray – E klengt Insekt weist de Wee
Iwwersetzung: Luc Marteling

ISBN 978-2-919781-46-1
36 Säiten • 20 €