Den Elmar an de Reebou

A senger neister Aventure op Lëtzebuergesch muss dem David McKee säi faarweg karéierten Elefant dem Reebou hëllefen, deen ass nämlech verblatzt – an dat mécht den Déieren Angscht.

Geléngt et dem Elmar, dem bleeche Reebou nees Faarf ze ginn? Eng klassesch Geschicht iwwer Deelen a Matginn, iwwersat vum Luc Marteling.

Dat neit Elmar-Buch gëtt iwwregens offiziell den 23. September op enger Liesmatinée am Aquatower zu Bäerdref virgestallt.

David McKee: Den Elmar an de Reebou. ISBN 978-99959-39-87-8, 12,95 Euro.