Déi kleng Prinzessin: Ech war dat net!

Ronderëm d’Schlass geschéie lauter komesch Saachen a jidderee mengt, et wier déi kleng Prinzessin gewiescht. Do ka si nach esou haart jäizen: „Ech war dat net!“ Kee gleeft hir dat. Rose geet déi kleng Prinzessin sech verstoppen. Si klëmmt op hire Motz-Bam a fënnt eraus, wien et wierklech war … Eng léif Geschicht iwwer Schold an Onschold, iwwer eppes stiichten, éierlech sinn an een tréischten.

Dëst ass schonn déi sechst Aventure vum Tony Ross senger klenger Prinzessin, déi d’Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Fir dëst Joer sinn nach zwou weider Geschichte vun der Klenger Prinzessin virgesinn: „Ech hätt och gär Frënn!“ am Summer an „Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht!“ am Hierscht.

Tony Ross
Déi kleng Prinzessin: Ech war dat net!
ISBN 978-99959-39-66-3
28 Säiten, 12,95 Euro