Kanephora 13: Tëschent den Zeilen

Den neie Roman vum Jhemp Hoscheit, TËSCHENT DEN ZEILEN, ass vun elo un ze kréien, offiziell presentéiert gëtt d’Buch de Samschdeg, 30. Abrëll tëscht 14 a 16 Auer zu Esch an der Librairie Diderich. Dir sidd natierlech häerzlech invitéiert!

IWWER DEN INHALT VUN “TËSCHENT DEN ZEILEN”

Corona a Confinement, friemgoen a friemschreiwen, Prosa a Poesie

D’Mamm, Salariée bei enger Assurancë-Gesellschaft, huet niewent dem Homeoffice nach Zäit, sech an Ersatzwelten an a Serien ze flüchten. Besonnesch d’Erënnerung un hir Affär ass fir d’Manon Gelser wéi bestännege Kappkino. Si weess net, ob de Réckzuch an dat rengt Privat d’Verheemleche méi einfach mécht.

De Papp ass am Homewriting. Mee dat ass de Schrëftsteller Laurent Gelser am Fong ëmmer. E stécht zurzäit an enger Romanfiktioun, an där e Vertrauensbroch eng Bezéiung zerstéiert. Wat wär, wa sech eng änlech Situatioun a säi Liewe géif aschläichen? Gespréicher mat engem Virusleegner, deen de Laurent an e Verschwörungsnarrativ verwéckelt, si keng wierklech Oflenkung. Dofir verschaaft d’Schreiwe vu Gedichter him e bëssche Loft.

D’Lena, hir Teenager-Duechter, weess net vill mat sech unzefänken. E radikalen Handyverbuet wär fir hatt net auszehalen. Besonnesch net an dëser Zäit, wou d’Ofwiesslunge rar sinn. D’Diskussiounen doriwwer stéieren den Hausfridden, dee grad elo sou wichteg wär.

Jidderee vun der Famill Gelser probéiert op seng Manéier, mat der intensiver Zäit vum éischte Confinement ëmzegoen.

Tëschent den Zeilen ass de sechste Roman vum Jhemp Hoscheit an déi 13. Publikatioun an der Serie Kremart Kanephora vu Kremart Edition.

Jhemp Hoscheit
Tëschent den Zeilen
Roman
Serie Kremart Kanephora, Band 13
ISBN 978-99959-39-53-3
295 Säiten, 19,95 Euro