Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Wat iesse mir?

Eng Fortsetzung fir eis Serie “Wat? Wéi? Wou?”:

Firwat musse mer iessen an drénken?
Wou kënnt eist Iessen hier?
Wat huele mer mat op de Picknick?
Uebst a Geméis, Fleesch a Brout: Dëst Buch ass e flotten Ausfluch an d’Welt vun den Iesswueren, mat de passende Bezeechnungen op Lëtzebuergesch a mat e sëllege Klappen, fir nach méi Spaass!

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Wat iesse mir?
Illustratioun an Text: Doris Rübel
Iwwersetzung: Kremart Edition
Originaltitel: Wieso? Weshalb? Warum? junior: Was essen wir?
Copyright vum Original: Ravensburger Verlag GmbH, Ravensburg (Däitschland), 2015.
Copyright vun der lëtzebuergescher Iwwersetzung: Kremart Edition S.à r.l., 2023.
An Italie gedréckt.
ISBN 978-2-919781-49-2
16 Säiten, 14 Euro

Iwwer d’WWW-Serie

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Esou heescht dës Serie vu Vivi Kremart, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttelt. An dat op eng spilleresch Aart a Weis:
• mat groussen an eendeitege Biller,
• mat kuerzen an einfachen Texter,
• mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen.

Biller-Lexikon fir Kanner vun ongeféier 2 bis 4 Joer
• Faarweg, praktesch, informativ
• Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen
• Mat bequeemer Spiralbindung