D’Sandmeedchen

De Sandmännche geet a seng wuelverdéngte Pensioun. Seng Duechter, d’Sandmeechen, iwwerhëlt de Betrib a street elo all Owend de Kanner op der ganzer Welt Sand an d’Aen. Esou kënne se gutt schlofen a schéin dreemen. Mee dem Sandmeedche seng Kusin, d’Nuecht, ass traureg a fillt sech eleng. Wa si owes kënnt, leien d’Kanner ëmmer scho laang am Bett. Wéi wier et, wann d’Nuecht einfach dem Sandmeedche seng Posch mam Sand géif verstoppen? Op der Sich no de Kanner hire verschwonnenen Dreem muss d’Sandmeedchen iwwer d’Wolleke reesen …

D’Sandmeedchen ass dat éischt lëtzebuergescht AR-Kannerbuch. AR steet fir Augmented Reality, also fir erweidert Realitéit. Fir dʼBiller lieweg ze maachen, brauch de Lieser eng App.

D’AUTEUREN

De Yorick Schmit huet 2011 e Master an der Germanistik an an der Amerikanistik op der Universität des Saarlandes gemaach. Vun 2010 bis 2011 huet hien d’Formatioun “Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” op der Uni Lëtzebuerg ofgeschloss. Zënter 2015 schafft hien an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik. De Yorick Schmit huet bis elo eng Kuerzgeschichtesammlung (Der Geruch der Erde nach dem Regen, 2018) an eng Rei vun Erzielungen op Lëtzebuergesch an op Däitsch publizéiert (ë.a. Weeër a Spueren, 2021, Paenitentia, 2014, a Vogelflug, 2018). D’Sandmeedchen ass säin éischt Kannerbuch.

Den Dirk Kesseler studéiert zënter 2016 Illustratioun zu Berlin a mécht aktuell (2021) e Master-Ofschloss op der Universität der Künste zu Berlin. Hie benotzt eng Mëschung aus analogen an digitalen Zeechentechnike fir seng Aarbechten. Säi Portfolio enthält Zäitschrëften, Coveren, Affichen, Drockgrafiken an animéiert Videoen. Hie schafft haaptsächlech mat Clienten aus Däitschland a Lëtzebuerg an hëlt reegelméisseg un Ausstellungen a béide Länner deel. D’Sandmeedchen ass säin éischt Buch.

Offizielle Communiqué (PDF)

Affiche Sandmeedchen (PDF)

 

D’Sandmeedchen
Eng Posch voller Dreem
Illustratiounen an Animatiounen: Dirk Kesseler
Text: Yorick Schmit
Erweidert Realitéit (AR): Virtual Rangers
Editeur: Rotondes a.s.b.l.
Co-Editeur: Kremart Edition S.à r.l.
Format: 20 x 20 cm zou (40 x 20 cm op)
32 Säiten, 24,90 Euro
ISBN 978-99959-665-8-4