Kanephora 10: De Bicherbus

“De Bicherbus” vum Christiane Kremer, spillt am Joer 2013 zu Lëtzebuerg. En onrouegt an turbulent Joer fir d’Land, awer och fir d’Haaptprotaginistin am Roman.

Kee versteet et, am mannsten d’Corinne selwer. D’Liewen un der Säit vum Joé, Jurist an Deputéierten, war ëmmer gutt an esou wéi geplangt. Kee Millimeter huet geännert un deem Plang, dee se sech zesummen opgestallt haten. En Team mat Zukunft. Mä wiem seng Zukunft? A wat ass mam Elo? De Bicherbus erzielt vun enger Fra, déi hire Liewenswee op eemol ännert, an dat an enger Zäit, an där och an der Politik zu Lëtzebuerg d’Verännerung an der Loft läit.

„Lëtzebuerg 2013: D’Stëmmung am Land ass explosiv. D’Wirtschaftskris ass net ausgestanen, viru Geriicht gëtt de Bommeleeërprozess verhandelt an d’Regierung rutscht wéinst enger Srel-Affär an d’Kris.

D’Corinne Rausch, Mëtt 40 a frësch getrennt vun hirem Mann, dem Jurist an Deputéierte Joé Welter, probéiert, hiert Liewen nei ze organiséieren. Nieft dem emotionalen Duercherneen, mat deem se Dag an Nuecht ze kämpfen huet, probéiert se och eng Aarbecht ze fannen, wat fir eng Fra, déi scho méi laang net méi berufflech aktiv war, net einfach ass.

Op hirem Wee klëmmt se ongewollt an de Bicherbus an entdeckt eng Passioun erëm, déi se laang vergiess hat: d’Passioun fir gutt Geschichten. All Geschicht, déi se liest, bréngt se e Stéck weider, fort vun den Albdreem nuets, vun de Virwërf a vum schlechte Gewëssen. An e Stéck weider bei nei Chancen, nei Méiglechkeeten, nei Bekanntschaften, bis d’politesch Situatioun am Land eskaléiert an domadder och déi nei gewonne Fräiheet a Liichtegkeet am Liewe vum Corinne Rausch op d’Kopp gehäit gëtt.“

D’Christiane Kremer ass Journalistin a Kultur-Responsabel bei RTL. Si schreift Cabaretstexter, Theaterstécker, Kuerzgeschichten a Kannerbicher. Fir d’Kannerbuch “So mol, Lobo!” (mam Vincent Biwer) krut si 2019 de Lëtzebuerger Buchpräis. 2013 huet si de Verlag Kremart Edition matgegrënnt. De Bicherbus ass hiren éischte Roman.

“De Bicherbus” ass déi zéngt Publikatioun an der Serie Kremart Kanephora, der neier Bibliothéik vu Kremart Edition.

Text: Christiane Kremer
Korrektur: Myriam Welschbillig a Luc Marteling
Layout: creative corner
ISBN 978-99959-39-50-2
320 Säiten, 19,95 Euro