Serie TIMBA: D’Kuerzgeschichten 1 bis 22

TIMBA heescht den Nofollger vun der immens beléifter Serie SMART, déi mat antëscht méi ewéi 36.000 verkaaften Exemplairen (Stand Enn 2023) déi erfollegräichst Serie an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht dierft sinn (esou de Claude D. Conter 2017, wéi en nach Direkter vum CNL war). Grad ewéi SMART esou presentéiert och TIMBA Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch an engem faarwege Look an an engem Format, dee grad esou praktesch ewéi präiswäert ass. An natierlech zackeg, ma dat verréit jo ewell den Numm.

Ouni ze vill ze verroden: 24 TIMBA-Bicher si geplangt, an onreegelméissegen Ofstänn sinn der erauskomm a kommen der nach eraus, déi lescht 2 Bicher sollen 2024 d’Serie ofschléissen (dat passt jo dann och vum Datum hier). Se goufen all Korrektur gelies vum Myriam Welschbillig, gelayout vum Sacha Heck (Mediengestalter.lu), gedréckt vun der Reka an ënnerstëtzt vum Focuna. All Bichelchen huet 40 Säiten a kascht 4 Euro.

📕📗📘📙 Hei den Iwwerbléck iwwer d’Rei TIMBA 📕📗📘📙

1) Marc Wilwert: De groe Star
ISBN 978-2-919781-01-0, 40 Säiten, 4 Euro

2) Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii
ISBN 978-2-919781-02-7, 40 Säiten, 4 Euro

3) Catherine Gitzinger: De Bam
ISBN 978-2-919781-03-4, 40 Säiten, 4 Euro

4) Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer
ISBN 978-2-919781-04-1, 40 Säiten, 4 Euro

5) Luc Marteling: Den nationale Wollef
ISBN 978-2-919781-05-8, 40 Säiten, 4 Euro

6) Roland Meyer: Food Leaks
ISBN 978-2-919781-06-5, 40 Säiten, 4 Euro

7) Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung
ISBN 978-2-919781-07-2, 40 Säiten, 4 Euro

8) Fabienne Hollwege: Lucy Love
ISBN 978-2-919781-08-9, 40 Säiten, 4 Euro

9) Jean Back: De Schapp beim Wal
ISBN 978-2-919781-09-6, 40 Säiten, 4 Euro

10) Joseph Kayser: Déif gekillt
ISBN 978-2-919781-10-2, 40 Säiten, 4 Euro

11) Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp
ISBN 978-2-919781-11-9, 40 Säiten, 4 Euro

12) Romain Butti: Fir wann ech net méi kann
ISBN 978-2-919781-12-6, 40 Säiten, 4 Euro

13) Yorick Schmit: Weeër a Spueren
ISBN 978-2-919781-13-3, 40 Säiten, 4 Euro

14) Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Éischten Deel: D’Ausstellung
ISBN 978-2-919781-14-0, 40 Säiten, 4 Euro

15) Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Zweeten Deel: De Seraphin
ISBN 978-2-919781-15-7, 40 Säiten, 4 Euro

16) Bob Kieffer: Rachel
ISBN 978-2-919781-16-4, 40 Säiten, 4 Euro

17) Roland Meyer: Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer
ISBN 978-2-919781-17-1, 40 Säiten, 4 Euro

18) Katharina Bintz: Valley Girl
ISBN 978-2-919781-18-8, 40 Säiten, 4 Euro

19) Jackie Messerich: Pappendag
ISBN 978-2-919781-19-5, 40 Säiten, 4 Euro

20) Romain Haas: Am Ballon iwwer Lëtzebuerg
ISBN 978-2-919781-20-1, 40 Säiten, 4 Euro

21) Cathy Clement: Rondel
ISBN 978-2-919781-21-8, 40 Säiten, 4 Euro

22) Sophie Gitzinger: Vill Gléck fir de Gebuertsdag
ISBN 978-2-919781-22-5, 40 Säiten, 4 Euro

Erschéngen am Laf vum Joer 2024:

23) Jérôme Netgen: Komm zeréck, Stevie Ray
ISBN 978-2-919781-23-2

24) Christiane Kremer: Gëff mer (k)eng Bees
ISBN 978-2-919781-24-9

– – – – –

Lektorat: Myriam Welschbillig
Layout: Sacha Heck
Drock: Reka

– – – – –

Méi Infoen iwwer d’Serie TIMBA

Genee wéi hire Virgänger SMART bitt d’TIMBA och Kuergeschichten op Lëtzebuergesch. Vu béide Serië sinn nach ëmmer sämtlech Bicher ze kréien. Heidrënner déi eenzel Kuerzgeschichten am Kuerzportrait mat de Coveren, wéi se jeeweils “am Set” erauskomm  sinn:

TIMBA 22 – Sophie Gitzinger: Vill Gléck fir de Gebuertsdag, ISBN 978-2-919781-22-5
Eng Schockdiagnos hat se viru siwe Joer derzou bruecht, iwwer hiert Liewen nozedenken an hir Geschicht »Vill Gléck am neie Joer« ze erzielen. Zënterhier ass fir d’Protagonistin vill geschitt: Dat geet vun der Sich nom perfekte Mann bis hin zum Gespréich mam Dokter a senger Äntwert op d’Fro: »Wéi laang nach?«

TIMBA 21 – Cathy Clement: Rondel, ISBN 978-2-919781-21-8
D’Madamm Finn war hiert Liewe laang fir déi aner do. Mann, Kanner an Aarbecht sinn ëmmer virgaangen. Mee no an no ännert sech alles an d’Josephine muss sech entscheeden: opginn oder en neien Ufank woen?

TIMBA 20 – Romain Haas: Am Ballon iwwer Lëtzebuerg, ISBN 978-2-919781-20-1
Vun der Stad op d’Musel, vun do erop an d’Éislek, dann erof an de Minett an nees hannescht an d’Stad: Mat engem Ballon an engem Dag duerch ganz Lëtzebuerg fueren? Wat fir eng Iddi! Ma de Globetrotter Dr. Henri N. C. Kerschen léisst sech duerch näischt vu sengem Plang ofb réngen. »Am Ballon iwwer Lëtzebuerg« spillt am Joer 1913 an ass eng eenzegaarteg Odyssee bei Sonn ewéi bei Reen, an der Loft, um Buedem an um Waasser. Voller skuriller Figuren, wéi ee se soss nëmmen an der Reesliteratur fënnt.

 

TIMBA 19 – Jackie Messerich: Pappendag, ISBN 978-2-919781-19-5
»Wat weess een da vun hinnen?« Wat wësse mir iwwer eis Pappen. Wat wousste si iwwert eis? Wéi gesi mir se elo, wou se net méi do sinn. Dëse Kaleidoskop vun Andréck, Momentopnamen a Souvenire versicht, e perséinlecht Bild vu Pappen ze zeechnen, wéi se an der Erënnerung vun hiren Duechtere weiderliewen, an illustréiert esou déi eenzegaarteg Bezéiung tëscht hinnen. All anescht an awer sou änlech.
NB: 2018 koum vuvum Jackie Messerich an der Serie Smart d’Kuerzgeschicht “Tunnel of Love” eraus.

TIMBA 18 – Katharina Bintz: Valley Girl, ISBN 978-2-919781-18-8
»Du häss jo eppes gesot, Lily?« – »Jo«, soen ech. Ech wëll net dat Meedche sinn, dat näischt seet. D’Lily steet op der Bün. Mee hannert der Bün geschitt eppes, mat deem hatt ganz eleng ass. Seng beschte Frëndin ass an Amerika. Seng Mam wëll, datt hatt jogge geet. Den ale Schauspiller wëll him de Kapp voll tuddelen. Mee ass hatt wierklech eleng?

TIMBA 17 – Roland Meyer: Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer, ISBN 978-2-919781-17-1
Igitt! Satir! Ironie! Dat kënnt guer net gutt an eisen humouerlosen Zäiten, an dëser Ära vu beleidegte Liewerwurschten! Esoubal een eppes seet, ob eescht gemengt oder net, fannen sech der direkt fënnef, dienen hir Gefiller doduerch verletzt sinn. Dësen Tatsaachebericht aus dem Land vun den onbegrenzte Katastrophen dierft do keng Ausnam sinn. Mee dat huet Cabaret jo esou u sech. Zum Gléck!
NB: Vum Roland Meyer ass och d’Timba-Buch Nummer 6 “Food Leaks”.

TIMBA 16 – Bob Kieffer: Rachel, ISBN 978-2-919781-16-4
Muss ee stierweskrank ginn, fir sech d’Fro ze stellen, wat engem wierklech wichteg ass? Wéi de Pol gewuer gëtt, dass en nach just sechs Méint ze liewen hätt, mécht en sech op eng lescht, ganz onprobabel Rees, déi e vu Lëtzebuerg iwwer Las Vegas bis op Rachel am US-Bundesstaat Nevada féiert. E verluerent Nascht matten an der Wüüst, net wäit vun der Area 51 ewech a voller Rumeuren iwwer ausserierdescht Liewen …
NB: Vum Bob Kieffer ass och d’Smart-Buch Nummer 11 “Roswell“.

TIMBA 15 – Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Zweeten Deel: De Seraphin, ISBN 978-2-919781-15-7
Beim Zoé geet sou munches schif. A senger klenger Welt schéngen d’Dreem net an Erfëllung ze goen … Op eemol daucht de Seraphin op. Him seng Welt ass voller Poesie. Wat geschitt, wann d’Zoé sech drop aléisst? Den zweeten Deel vun der Geschicht »Engelsflilleken« mam Titel »De Seraphin«.
Den éischten Deel mam Titel »D’Ausstellung« gëtt et am Timba-Buch Nummer 14.
NB: Vum Julie Vinandy-Schmit ass och d’Smart-Buch Nummer 5 “Magnificat” an de Kremart-Kanephora-Band “Perdue dans la vallée“.

TIMBA 14 – Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Éischten Deel: D’Ausstellung, ISBN 978-2-919781-14-0
D’Zoé mécht Gipsofdréck vu Récker. Déi wäiss Schuele veraarbecht hatt op eng ganz kreativ Manéier weider. Firwat eigentlech? A wat soll domat geschéien? Déi jonk Kënschtlerin, eng gequäälte Séil, léisst sech dozou iwwerrieden, hir Kreatiounen auszestellen. Ma ass dat wierklech eng gutt Iddi? D’Zoé huet e gelungent Gefill bei där Saach. – Den éischten Deel vun der Geschicht »Engelsflilleken« mam Titel »D’Ausstellung«.
Den zweeten Deel mam Titel »De Seraphin« gëtt et am Timba-Buch Nummer 15.

TIMBA 13 – Yorick Schmit: Weeër a Spueren, ISBN 978-2-919781-13-3
Zesumme mat sengem Bouf Ben hëlt den Erzieler eis mat an de Bësch a stellt eis seng Stammbeem vir. Weeër a Spueren aus enger lëtzebuergescher Familljechronik, vun engem fatale Blëtzschlag iwwer eng tragesch Auswanderung bis zu enger ongewéinlecher Frëndschaft am Zweete Weltkrich
NB: Vum Yorick Schmit sinn och d’Smart-Buch Nummer 7 “Paenitentia” an d’Kannerbuch “D’Sandmeedchen“, dat éischt lëtzebuergescht AR-Buch fir Kanner, dat Kremart zesumme mat de Rotonden erausbruecht huet.

TIMBA 12 – Romain Butti: Fir wann ech net méi kann, ISBN 978-2-919781-12-6
En ass vu wäit fort zréckkomm a wëll bei senge Léifsten do virufueren, wou si opgehalen hunn. Mee esou einfach ass dat alles net. – Fir säin Theaterstéck »Fir wann ech net méi kann« krut de Romain Butti den 1. Präis am nationale Literaturconcours 2018.

TIMBA 11 – Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp, ISBN 978-2-919781-11-9
Wann d’Kanner aus dem Haus ginn, bedeit dat eng nei Etapp. Fir si a fir d’Elteren. Als Elteren, awer och als Koppel. Domat muss ee sech fir d’éischt emol ausernanersetzen, woubäi just eng Saach sécher ass: D’Kanner suergen och dann nach fir Iwwerraschungen.

TIMBA 10 – Joseph Kayser: Déif gekillt, ISBN 978-2-919781-10-2
Dem Kommissär war de Kënn erofgefall. Eng Partie Kaart fi r eng Läich? Esou eppes war him a senger ganzer Karriär net ënnerkomm. A wien hat gewonnen? Wien an engem Bouneweger Bistro schafft, dee kritt esou muenches mat. De Sam erënnert sech absënns un de Karel, den Usch, de Mulles an de Poli an un dat, wat si alles gestëbst hunn …

TIMBA 9 – Jean Back: De Schapp beim Wal, ISBN 978-2-919781-09-6
A sengem ganze Liewen hat hie bis elo nëmmen Niewerollen. Den Haaptprotagonist vun dëser Geschicht, en Aktör, ass ënnen ukomm, lieft an engem Schapp nieft dem grousse Bësch Wal a steet do virun der Wiel: opginn oder duerhalen? En decidéiert ze kämpfen – géint d’Deponie a fir all d’Bommelen an Dëschtelen op dëser Welt.

Timba 8 – Fabienne Hollwege: Lucy Love, ISBN 978-2-919781-08-9
»Et ass Summer, ech hu 15 Joer a si verléift. Déi éischte Kéier a mengem Liewen esou richteg. An en Anarchist aus Schweden! Angscht, Virwëtz, den éischte Kuss a weider …? Alkohol, Snus a Bullshit vun dir. Wäerts du bleiwen, Rasmus? Lucy loves u.« Erwuesse ginn ass zimmlech komplizéiert, wann d’Gefiller Kopplabunz schloen an de Kapp net dat selwecht wëll. »Wat méchs du do? HAL OP! Et ass wonnerschéin …«

Timba 7 – Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung, ISBN 978-2-919781-07-2
En Uerdnungsfanatiker wéi de Jemp als Noper hunn, ass net einfach. Mä wat passéiert, wann deen enges Daags och nach d’Schlëssele vun den Nopeschhaiser an de Grapp kritt? A wat kënnt dobäi eraus, wann esou e Jemp bis ufänkt, iwwert sech selwer nozedenken?

Timba 6 – Roland Meyer: Food Leaks, ISBN 978-2-919781-06-5
»Wou ass däin houeren Hond! Abbes, wou ass dat Sauvéi?« Dat ass de Fin mot vun engem Old-School-Barbecue-Man a senger eegener Grillarena. E puer Méint virdrun, op Chrëschtdagowend, war ewell e Samushelikopter Affer vun enger Fondue ginn. Do kann ee scho mol iwwer eng Diät nodenken. Ma eiser Här huet sech wuel net ëmsoss als d’Brout vum Liewe bezeechent an net als de Broccoli oder den Avocado oder den Tofu dovun.

Timba 5 – Luc Marteling: Den nationale Wollef, ISBN 9782919781058
Ass et wouer? Dat kann dach net sinn! Ma et ass kee Witz, et ass eng eescht Geschicht: De Wollef ass nees do! Sou e Béischt am klenge Grand-Duché beschäftegt natierlech och déi grouss Politiker. E Pas de deux fir den Icksbee an den Effbee. Oder einfach e Sketch anno 2018. Aaauuuuuuu…

Timba 4 – Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer, ISBN 9782919781041
Mat 30 Joer schonn e Bilan zéien? Wat erzielt ee beim Konveniat, wann déi aner all vun hirem Auto, hirem Job, hirem Partner, hire Kanner schwäermen? Besonnesch wann dat engem säi Liewenszil bis dohi guer net war. Souwisou, wann et op eemol un dat Liewegt geet, änneren d’Ziler ganz séier …

Timba 3 – Catherine Gitzinger: De Bam, ISBN 9782919781034
Et fänkt u mat engem wäissen Hoer. Mä wier et gutt e wäisst Hoer. Dat, wat do um Änder sengem Kapp wiisst, ass eppes ganz anescht. A seng Fangeren huelen op eemol och ongewéinlech Formen un. Wat geschitt do grad mat him? Eng kafkaesk Geschicht vun der Musel.

Timba 2 – Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii, ISBN 9782919781027
Hie war op eemol einfach do. An op eemol einfach net méi. Mä wat huet en an deenen zwee Joer dertëscht gemaach? Wie war hien iwwerhaapt? Vläicht wier et awer derwäert gewiescht, de Mats besser kennenzeléieren. Dat denkt elo jiddereen, ma elo ass et ze spéit. Elo bleiwe just d’Wolleken iwwer Hawaii.

Timba 1 – Marc Wilwert: De groe Star, ISBN 9782919781010
Huet hie säin Noper ëmbruecht oder net? De Star vun dëser Geschicht ass en Amateurfotograf, dee sech verdächteg mécht, well e keen Alibi huet … well en net op Facebook ass. E geréit ellen an d’Laberenten an zweiwelt souguer u senger eegener Existenz, esou staark ass d’Muecht vun de Biller.

Fotogalerie

Hei geet et bei d’Fotoe vun der Virstellung vun den éischten Timba-Bicher am Café littéraire Le Bovary zu Weimeschkierch. Impressioune vun engem gemittlechen Owend vum Domingos Oliveira. Presentéiert goufen d’Kuerzgeschichten den 11. Juli 2018, wat iwwregens de 5. Gebuertsdag vu Kremart Edition war.

Wonnerbar Rezensioun am “Land”

TIMBA-Timberen