Den Elmar an dee grousse Vugel

Zesumme si mir staark!

Bei den Déieren ass eppes net normal: Et ass ze roueg, d’Villercher si fort! Si hu sech verstoppt, well si hunn Angscht virun engem groussen, béise Vugel. Wéi den Elmar dat matkritt, huet hien eng genial Iddi, fir dee béise Vugel ee fir allemol lasszeginn …

IMG_3405

Eng weider wonnerbar Geschicht vum David McKee, déi weist, datt een zesumme staark ass a méi erreeche kann!

Elmer_Big_Bird_Cover_LU.indd

„Den Elmar an dee grousse Vugel“ ass ewell déi sechst Aventure vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant, déi de Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Virdru sinn ewell erauskomm: „Den Elmar“, „Den Elmar an d’Nilpäerd“, „Den Elmar an d’Monster“, „Den Elmar an d’Schlaang“ an „Den Elmar am Schnéi“. Am Summer kënnt nach „Den Elmar an d’Walen“, am Hierscht dann „Den Elmar an d’Iwwerschwemmung“ a fir de Wanter gëtt et e Buch mat Musek: „Dem Elmar säin Orchester“.

Elmar_Coveren2

David McKee: Den Elmar an dee grousse Vugel, Kremart Edition, 28 Säiten, 12,95 Euro, ISBN 978-99959-39-24-3, www.kremart.lu.

IMG_3404 IMG_3409 IMG_3408 IMG_3407