Däerf ech an däi Bett luussen?

Endlech ass en do, den Nofollger vum Guido Van Genechten sengem weltwäite Bestseller Däerf ech an deng Lomp luussen? An en heescht: Däerf ech an däi Bett luussen?

D’Maischen ass nach ëmmer immens virwëtzeg a wëll nach ëmmer alles wëssen. Haut den Owend wëll se erausfannen, wat hir Frënn maachen, fir gutt ze schlofen. Se freet d’Daifchen, de klengen Elefant, de klenge Koala, d’Fierkelchen, d’Scheefchen an de klenge Mupp. D’Déieren hunn all hir eegen Aschlof-Tricken.

En häerzegt Billerbuch mat e sëllegen Diwwie fir opzeklappen iwwer d’Zeremonie vum Schlofegoen an iwwer ënnerschiddlech Bettritualer. Fir Maisercher vun zweeanhallef Joer un.

Guido Van Genechten
Däerf ech an däi Bett luussen?
Iwwersetzung: Luc Marteling
ISBN 978-2-919781-42-3
28 Säiten, 14,95 Euro

———————————————————————

E Bléck an d’Buch

———————————————————————

E Bléck an d’Lompe-Buch

Iwwerdeems dat neit Buch eng flott Hëllef beim Aschlofen ass,
stellt Däerf ech an deng Lomp luussen? eng ganz gutt Hëllef beim Potti-Training duer:

Däerf ech an deng Lomp luussen? – NEIOPLO

———————————————————————

Hei déi zwee Coveren op ee Bléck