Wie fiddert mech?
Hei eisen HIGHLIGHT bei de KANNERBICHER fir OUSCHTEREN 2023. Et ass e lëschtegt Spillbuch fir kleng Déierefrënn, dat mir zesumme mat RAVENSBURGER erausbruecht hunn. Et geet drëm, 5 Déieren – 🦒 🐘 🐵 🐊 🐻 – mat de richtegen Iesssaachen (op Jetonen) ze fidderen.
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2023/01/Fidderen-1.jpg)
D’Déieren hunn de géien Honger: d’Giraff 🦒, den Elefant 🐘, den Af 🐵, d’Krokodil 🐊 an de Bier 🐻. Kanns du hinnen hëllefen a se fidderen? Mee wien ësst wat? Einfach de Jeton mam richtegen Iessen drop eraussichen, duerch eng extra Spléck an d’Buch ageheien a kucken, wéi sech d’Bäich vun den Déiere fëllen. Kuerz Reimen erziele butzeg Geschichten a fuerderen d’Kanner op matzemaachen. Dat fërdert hir Konzentratioun, hir Kreativitéit an hir Feinmotorik.
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2023/01/Wie-fiddert-mech-1_Cover.png)
Bernd Penners an Henning Löhlein:
Wie fiddert mech?
Mat 5 Iess-Jetone fir anzegeheien
Iwwersetzung: Christiane Kremer
ISBN 978-2-919781-39-3
12 Säiten • 16 €
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2023/01/Wie-fiddert-mech-5_How-to.png)
Vill Spaass … beim Fidderen! 🦒 🐘 🐵 🐊 🐻
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2023/01/Fidderen-4.jpg)
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2023/01/Fidderen-3.jpg)