Bommenteppech

D’Waarden huet en Enn, de „Schlësselroman“ zu de Bommenattentater aus den 1980er-Joren (Wikipedia) ass erëm do: Kremart huet de „Bommenteppech“ vum Josy Braun aus dem Joer 2004 iwwerschafft a bréngt en elo nei raus an enger Ausgab mat maximalem Lies-Confort …

Cover_Bommenteppech

Hierscht 1984: Op der Éisleker Scheedhéicht flitt e Juegdchalet an d’Luucht. Geschwënn duerno gëtt en Hobby-Detektiv aus der Scheedhéichter „Résidence Lorblumm“ vermësst. Wat d’Land nach net weess: Et ass den Optakt fir eng ganz Serie vu Sprengstoff-Uschléi. Am Ufank gesäit et esou aus, wéi wann eng vun de liewenswichtegsten Institutioune vun der nationaler Economie soll getraff ginn: d’„Cancoillottes Ardennaises“. No an no sinn sech Regierung, Chamber, Justiz, Sûreté a Service de renseignement awer net méi sou sécher.

Do gëtt et Iwwerfäll op Banken a Polverdepoten; do gëtt Léisegeld an Enveloppen an a Wallissen transportéiert, dat ni ukënnt; do platzt iwwerdeems de Poopst mat der Gëlle Fra an den Troublement; do zirkuléieren op eemol Nimm uechtert Stad a Land.

De Kommissär Marius Gallo kniwwelt un engem éischte Rapport. Hie kritt der op d’Pouten, bréngt en zweete Rapport un de Mann … awer laanscht den hierarcheschen Déngschtwee.

D’Land verschwënnt ënner engem Bommenteppech, an – wien hätt dat geduecht? – ënnert dem Teppech verschwannen d’Bommen.

Josy Braun
Bommenteppech
Nei iwwerschafft Oplo vum Bestseller aus dem Joer 2004
Titelbild: Josée Klincker
Korrektur: Myriam Welschbillig
ISBN 978-99959-39-05-2
416 Säiten, 30 Euro

Nom posthume Krimi „Armagnac“ am Joer 2013 ass „Bommenteppech“ dat zweet Buch vum Josy Braun (1938-2012), dat bei Kremart Edition erauskënnt.

Armagnac-Bommenteppech