Wéi een eng Geschicht erfënnt

Dëst neit Kannerbuch ass den Nofollger vum immens beléifte Buch Wéi een e Reebou fänkt (vun deem mir guer net méi vill Exemplairen hunn) an et heescht änlech, nämlech: Wéi een eng Geschicht erfënnt.

Wourëm geet et?

De Mike wëll eng Geschicht erfannen. Et gëtt just ee Problem: E weess net, wéi ufänken. Mat e bëssen Hëllef vu senger Famill a mat senger ganz grousser Fantasie kënnt seng Geschicht awer séier an dʼGäng. Stéingen him nëmme säi klenge Brudder a seng kleng Schwëster net stänneg an de Féiss. De Mike sicht e Wee, fir seng Geschicht op en Enn ze bréngen. Vläicht léiert en dobäi och, wéi e se kann deelen.

En herrlecht Buch iwwer Kreativitéit, Zesummeliewen an Zesummenerliewen – vun den Autorinne vu „Wéi een e Reebou fänkt“. Déi englesch Originalversioun „How to Make a Story“ gouf fir dʼéischt publizéiert vun Oxford University Press, Oxford 2023. Copyright vun der lëtzebuergescher Iwwersetzung: Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2023. (This edition is published by arrangement with Oxford University Press.)

INFOEN:
WÉI EEN ENG GESCHICHT ERFËNNT
Text: Naomi Jones 2023
Illustratiounen: Ana Gomez 2023
Iwwersetzung: Luc Marteling
ISBN 978-2-919781-43-0
32 Säiten, 18 Euro