Kanephora 9: D’Hobitz

No “Alle véierzéin” (Nummer 6) an “Déi Säit dem Scheet” (Nummer 8)  ass “D’Hobitz” (Nummer 9) ewell déi drëtt Publikatioun vum Alain Atten an der Serie Kremart Kanephora. Illustréiert gouf si op en Neits vum Luana Maggipinto. Erzielt gëtt d’Novell an der Sprooch vun der Mëttelsauer.

Eng Kanoun ënnerwee, am Wanter 1593. E fréiere Kanonéier huet den Holläner se gegrapst, wéi se drop an dru sinn, Dikrech z’iwwerfalen. Hie fënnt, si kënnt gradesou gutt deenen Dikrecher bäisprangen, fir op d’Hollänner ze baatschen. Mat senger Freiesch a mat där Houser Klouschterkutsch kritt en d’Geschëtz iwwer allerhand Ëmweeër op d’Plaz. Just zur Zäit. – Déi Novell hei liest sech an der Sprooch vun der Mëttelsauer.

1593 – hollännesch Fräibäiter iwwerfalen d’Land, dat zu senger spuenescher Herrschaft hält. Zënt Väit hu se net kritt, da geet et op Dikrech lass. De Buet vu Buerschent hëlt hinnen zu Housen hir Kanoun (d’Hobitz) ewech an e mécht sech mat der Freiesch an der Klouschterkutsch derduerch.

Ënnerwee deet en d’Dierfer ronderëm d’Sauer op d’Buerschter Buerg plënneren, fir datt se de Raiber net an d’Gräpp falen. Déi Ierpeldenger kritt en derzou, datt se sech um Fridbësch verschanzen a sech wieren. Iwwerdeems mierkt en och, wie mat derhannertstécht.

Dee Beeferter Schlasshär hat d’Kutsch erëmkritt, ma si ginn e lass.

Op en Hoer wier et zu Ierpeldeng am Schlass e Strapp ze séier gaang, ma si packen et mat der Kutsch op Dikerech, nach virun den Hollänner. Hie feiert deen éischte Schotz aus der Kutsch op d’Schwadroun, just op der Fallbréck fir eran.

Den Historiker a Germanist Alain Atten huet am Nationalarchiv geschafft an ass bis haut mat der Radio-Rubrik “De Sproochmates” iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch aktiv. Hie schreift Lyrik, Theaterstécker, Kuerzgeschichten an Novellen. D’Hobitz ass ewell seng drëtt Novell an der Kanephora-Serie. D’Zeechnunge sinn och dës Kéier vum Luana Maggipinto.

D’Hobitz
Text: Alain Atten
Korrektur: Myriam Welschbillig
Illustratiounen: Luana Maggipinto
Fotoen: Luc Marteling
Layout: creative corner
ISBN 978-99959-39-49-6
192 Säiten, 19,95 Euro

Am Wort vum Samschdeg, 25. September hat de Marcel Kieffer eng wonnerbar Rezensioun vum Alain Atten senger Hobitz geschriwwen:

Wéi kritt een d’Buch?

– An alle Librairien (noutfalls do bestellen).
– Op letzshop.lu (ënnert anerem hei).
– Direkt beim Verlag: Wann Dir 19,95 € op de Kont BGLLLULL LU58 0030 8889 9726 0000 iwwerweist, kënnt d’Buch per Post heem, ouni Portofraisen. Wichteg: Vergiesst net Är Adress unzeginn oder confirméiert d’Commande per Mail op kontakt@kremart.lu.
– Op de Walfer Bicherdeeg um Stand vu Kremart Edition.