De Fléiepëlz – BUCHPRÄIS 2022

DE FLÉIEPËLZ vum Pit Schlechter, illustréiert vum Pit Weyer, ass kuerz virum Summer 2022 erauskomm. Offiziell virgestallt gouf d’Buch an enger ganz sympathescher Feier op der Terrass vum Café littéraire Le Bovary zu Weimeschkierch am September. An am November, just virun de Walfer Bicherdeeg, krut d’Wierk dunn de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur!

Dat, déi vill gutt Kritiken an de Medien a wuel och d’Propaganda ënnert de Lieser a Lieserinnen hunn dann och dozou gefouert, datt déi 1. Oplo séier komplett un d’Librairien ausgeliwwert war an dat priméiert Buch nogedréckt gouf. Déi zweet Oplo ass vun elo (9. Dezember) un disponibel!

RTL-Podcast “Lecture vun heiheem”: D’Bea Kneip am Gespéich mat den zwee Pitten! 🙂

Buchkritik vum Michel Delage um 100,7: “Haaptsaach eng Gäns!” oder “E Leckerbëssen!”

De Fléiepëlz ass e Lëtzebuerger Orbis Pictus mat an éischter Linn Beobachtunge vun a Kommentarer iwwer d’Sprooch – mol eescht, mol ironesch, awer ëmmer witzeg. um hënneschten Deckel vum Buch heescht et:

Wéi eng gëfteg Mouk op hirem Fléiepëlz huckt hei en ale Knouterwiichtel an sengem Grant a katapultéiert onappetitlech Pefferkären an nostalgesch Kamellen iwwer d’Remparte vum politesch Korrekte mëtten an seng kathoulesch Heemecht, duer, wou se am lëtzebuergeschsten ass. Mee hannert deem Knouterer verstoppt sech en Auteur, deen seng Lieser ëmmer erëm mat engem Gemësch vun Tatsaachen a Fakenews hannert d’Liicht féiert an se mat neien ale Wierder respektiv „richtegen“ a „falschen“ Ausdréck veronséchert.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Buchpresentatioun am September 2022.

IWWER DEN AUTEUR AN DEN ILLUSTRATEUR

De PIT SCHLECHTER gouf den 29. Januar 1949 gebuer an ass um Lampertsbierg grouss ginn. Nom Jongelycée huet en um Cours Universitaire zu Lëtzebuerg an duerno op der Uni zu Saarbrécken Germanistik a Romanistik studéiert a mat der Promotioun zum Dr. phil. säi Studium ofgeschloss. An senger Dissertatioun huet en sech mam Lëtzebuerger Veräinstheater beschäftegt. Spéider huet en als Däitschprofesser geschafft. Zënter senger Pensioun ass e fräie Mataarbechter am LOD – dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

De PIT WEYER (riets) ass den 19. Juni 1940 gebuer an um Lampertsbierg opgewuess. Nom Lycée ass en op Essen an d’Folkwangschule für Gestaltung gaang, fir de Beruff vum Grafiker ze léieren an da mat sengem Papp, dem Grafiker Lex Weyer, de Grafikatelier lex&pit weyer ze grënnen. Haut pensionéiert, awer nach aktiv a produktiv.

 

PRAKTESCH DONNÉEËN

De Fléiepëlz – E Lëtzebuerger Orbis Pictus
© Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2022
Text: Pit Schlechter
Illustratiounen: Pit Weyer
Korrektur: Myriam Welschbillig
Schrëftsaz: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Imprimerie Centrale
ISBN 978-2-919781-41-6
120 Säiten, 22 Euro