Serie Bucktugou: Bichelcher 1 bis 8

Den Numm ass Programm: Bucktugou … eng Taass Literatur fir matzehuelen! Et kéint een och soen: D’Bucktugoue sinn d’1-Euro-Bichelcher vu Kremart. Jo, genee, Dir hutt richteg gelies: Ee Bucktugou kascht een Euro! Een Euro fir e kuerzt an intensiivt Andauchen an eng Geschicht, där hir Liesadauer esouguer vir um Cover steet. E bësse wéi bei de Serien op der Tëlee.

De Bucktugouen hiert Format ass esou gewielt, datt se quasi an all Täsch passen, eeben to go. D’Konzept derhannert ass net just dat vu knapper, praktescher, präiswäerter Literatur fir modern gestresste Leit, et geet vill méi ëm de Genoss vun engem literareschen Ausfluch an ëm d’Satisfaktioun, eng ofgeschlosse Geschicht, jo, e richtegt Bichelche gelies ze hunn. Fir erfuere Lieser geradesou wéi fir nei Lieser oder fir Leit, déi d’Sprooch eréischt léieren oder geléiert hunn, well d’Bucktugou-Storye sinn op Lëtzebuergesch.

Et gëtt zwou verschidden Zorte Bucktugou-Bicher: “Hot Coffee” ass fir grouss Lieser, “Hot Chocolate” ass fir jonk a fir grouss Lieser. Bis elo sinn 8 Geschichten erauskomm, hei den Iwwerbléck, ugefaange bei der rezentster:

Bucktugou (8), Hot Coffee: Do uewe läit eent

»Kuckt, datt äre Plonner an d’Sakristei kënnt! Maacht mer alles gutt dreckeg an naass! An d’Schoul gitt der och nach vläicht, wéi?« Dem Ämmel geet villes net, wann den Dag laang ass.

Alain Atten: Do uewe läit eent
ISBN 978-2-919781-58-4, 12 Säiten, 6 Minutten, 1 Euro

Bucktugou (7), Hot Chocolate: Un deen Dag, wou ech Äuslänner gi sinn …

Un deen Dag kann ech mech nach ganz genau erënneren. Also, net un de genauen Datum. Éischter un de Moment. Un de Kader. Et war an der Schoul, bei engem fatzege Sträit an der Paus.

Tullio Forgiarini: Un deen Dag, wou ech Äuslänner gi sinn …
ISBN 978-2-919781-57-7, 13 Säiten, 7 Minutten, 1 Euro

Bucktugou (6), Hot Chocolate: Phantasialand

De Wee op Lëtzebuerg ass net ëmmer einfach. D’Weeër zu Lëtzebuerg sinn et och net ëmmer. Net wann ee Räfüjiä ass. Zum Gléck sot de Schoulmeeschter, den Här Schmitz, zum Anita: Schäiss drop. Du gees mat!

Tullio Forgiarini: Phantasialand
ISBN 978-2-919781-56-0, 20 Säiten, 9 Minutten, 1 Euro

 

Bucktugou (5), Hot Coffee: Eleng ënner villen

Nodeems seng Schwëster Hope op d’Welt komm ass, huet sech am Samira senger Famill op ee Schlag alles geännert.

Danielle Schartz: Eleng ënner villen
ISBN 978-2-919781-54-6, 16 Säiten, 8 Minutten, 1 Euro

Bucktugou (4), Hot Coffee: Accord(éon)

Ëmmer, wann et Musek héiert, fillt d’Jacqueline sech esou liicht. Selwer kënne Musek maachen, dat ass säin Dram, mä kuerz nom Krich hu se doheem aner Suergen.

Christiane Kremer: Accord(éon)
ISBN 978-2-919781-55-3, 15 Säiten, 7 Minutten, 1 Euro

Bucktugou (3), Hot Chocolate: Féiwer

D’Famill ass nuets mam Auto ënnerwee an den Tunn sëtzt an der leschter Rei an der Mall. Op eemol klëmmt en Tëntefësch aus enger Posch eraus a setzt sech einfach op en.

Luc Marteling: Féiwer
ISBN 978-2-919781-53-9, 8 Säiten, 3 Minutten, 1 Euro

Bucktugou (2), Hot Coffee: An engem Zuch

Wéini ass dee richtege Moment? Wann een ze laang dorop waart, da kann et sinn, datt op eemol den Zuch fort ass. An dann huet ee vläicht net just den Zuch verpasst …

Christiane Kremer: An engem Zuch
ISBN 978-2-919781-52-2, 16 Säiten, 7 Minutten, 1 Euro

Bucktugou (1), Hot Coffee: Zwéi Meter virun der, Martin!

Wat an der Nuecht vum 2. op den 3. November 1942 um Käschtenhaff bei Hierseng geschitt ass, kënnt 1958 an der Pressessioun ronderëm den hellege Rack zu Tréier nach eemol op … De Josy Braun (1938–2012) huet dës Kuerzgeschicht kuerz viru sengem Doud geschriwwen.

Josy Braun: Zwéi Meter virun der, Martin!
ISBN 978-2-919781-51-5, 12 Säiten, 6 Minutten, 1 Euro