Déi kleng Prinzessin: Ech maachen dat selwer!

Endlech ass se do, déi véiert Aventure vum Tony Ross senger klenger Prinzessin, déi d’Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet.

Untitled-1

Déi Kéier wëll déi kleng Zatz alles selwer maachen a sech guer net hëllefe loossen – ma heemlech paken déi Grouss dann awer eng Hand mat un, well soss géing nach vill méi schif goe beim Campéieren!

Eng Geschicht, déi ganz gutt an d’Summerméint voller Aktivitéiten an Tatendrang passt … an eng Entwécklungsphas illustréiert, déi wuel all Kand duerchleeft: méi wëllen ewéi kënnen …

Tony Ross
Déi kleng Prinzessin: Ech maachen dat selwer!
ISBN 978-99959-39-64-9
28 Säiten, 12,95 Euro

Do_it_Myself_LU_Cover.indd

Psst, am Hierscht kënnt nach eng “Kleng Prinzessin”:

Want_my_Light_on_LU_Cover.indd