Poli & Maisy

Op Lëtzebuergesch an op Franséisch!

2015 hunn d’Christiane Kremer (Text) an d’Aline Forçain (Illustratiounen) bei Kremart d’Kannerbuch “De Poli an d’Maisy” publizéiert. Wéi sech am Fréijoer 2016 d’Fro gestallt huet, ob d’Buch dann elo nogedréckt géif ginn, huet de Verlag decidéiert, en neie Wee ze goen – an zwar eng zweesproocheg Versioun op de Maart ze bréngen: “Poli & Maisy” op Lëtzebuergesch AN op Franséisch …

11168529_668648806603520_2610404158684062095_n
D’Autorinnen an hiert Wierk: D’Christiane Kremer an d’Aline Forçain bei der Virstellung vun “De Poli an d’Maisy” 2015 zu Kielen (Foto: Patrick Galbats)

 

Den Inhalt op Franséisch:

Poli voltige entre les arbres dans la sombre forêt. Soudain, bim, il heurte quelque chose. « Ouh là, tu ne peux pas faire attention ? », crie Poli qui voit passer une ombre zigzaguant très vite dans les airs… « Eh, reste ici. Tu pourrais quand même t’excuser. Tu ne m’as donc pas vu ? » Un peu effrayé, Poli se pose sur une branche frêle. L’ombre se dirige alors vers lui.

« Poli & Maisy » est l’histoire d’une amitié très particulière, traduite du luxembourgeois en français par Marilyn Schmit.

«La plus belle amitié sylvestre que je connaisse»
Guy Helminger, écrivain et critique

img_7134

Den Inhalt op Lëtzebuergesch:

De Poli fladdert am däischtere Bësch tëscht de Beem erduerch. Op eemol, flupp, rennt hie mat eppes zesummen. „Aua, kanns du net oppassen?“, jäizt de Poli a gesäit just e Schiet, dee ganz séier am Zickzack fortflitt. „Hey, bleif hei. Du kanns awer Pardon soen. Hues du mech dann net gesinn?“ De Poli setzt sech op en dënnen Aascht, en
huet e bëssi Angscht. Do kënnt de Schiet bei hie geflunn …

„De Poli an d’Maisy“ ass d’Geschicht vun enger ganz ongewéinlecher Frëndschaft.

„Déi schéinste Bëschfrëndschaft, déi ech kennen“
Guy Helminger, Schrëftsteller a Kulturkritiker

 

Poli-a-Maisy-2016-cover-imp.indd

 

Christiane Kremer et Aline Forçain: Poli & Maisy
ISBN 978-99959-39-38-0
32 pages, 18,99 euros

 

img_7133