Wann ech grouss sinn …

Déi kleng wëll Déieren an dësem Buch dreeme vun der Zukunft. Vun deene Saachen, déi si maachen, wa si grouss sinn. A si hu grouss Dreem!

E flott, faarwegt Billerbuch fir jonk Lieser, déi et net erwaarde kënnen, grouss a staark ze ginn. Fir Kanner vu 24 Méint un.

“Wann ech grouss sinn …” gouf geschriwwen a gemoolt vum Anita Bijsterbosch, vum deem mir bei Kremart och ewell d’Bicher “Jidderee gaapst” (an enger Neioplo nees ze kréien) an “D’Sich vum Pappa Séipäerdchen” (wéinst der grousser Nofro antëscht leider vergraff) erausbruecht hunn.

Anita Bijsterbosch:
Wann ech grouss sinn
ISBN 978-99959-39-72-4
Präis: 12,95 Euro

Mat coolen Hallef-Säiten !