De Schudder-Schusch – VERGRAFF

E klenge Männche géint grouss Viruerteeler:
„De Schudder-Schusch“ heescht dat neit Kannerbuch, mat deem Kremart Edition an d’Joer 2016 start.

Schudder_Schusch_Cover
D’Déieren op der Dëlpes-Pick vun de Knubberdulles-Bierger sinn entsat: De Schusch wëll bei si eropplënneren! Si hunn de Schusch zwar nach ni selwer gesinn, mä si wësse genee, wéi en ausgesäit: En ass grouss, buuschteg a muffeg – en ass einfach, fir sech ze schudderen! Esou ee wëllen d’Déieren net bei sech wunnen hunn! Ma dofir ass et elo ze spéit, d’Plënnerkëschte stinn nämlech scho virun der Dier. Natierlech wëll keen op dem Schudder-Schusch seng Aweiungsparty goen. Keen? Net ganz, een Déier kann der Invitatioun net widderstoen: De Party-Hues traut sech bei de Schusch. Gëtt aus him elo Huesenziwwi oder léiert hien deen Neien elo mol richteg kennen?

IMG_2937

„De Schudder-Schusch“ ass eng lëschteg Geschicht iwwer Viruerteeler, déi weist, datt ee sech heiansdo selwer an de Féiss steet.

De Schusch op RTL Radio Lëtzebuerg.

Ringo_Rabe_Lux_Cover.indd

No dem Buch „De Kueb Kuiitsch traut sech“, dat 2015 laang ganz uewen op der Bestsellerlëscht stoung (Cover hei driwwer), ass „De Schudder-Schusch“ déi zweet Koproduktioun, déi Kremart zesumme mat Ravensburger erausbréngt. Den däitschen Original „Der schaurige Schusch“ erschéngt iwwregens den 1. Februar. Déi lëtzebuergesch Versioun huet 32 Säiten, haart Deckelen a kascht 12,99 Euro (ISBN 978-99959-39-31-1).

IMG_2934
Liesungen: De Schudder-Schusch gouf e Samschdeg, 23. Januar um 15 Auer zu Ettelbréck an der Bibliothéik an e Samschdeg, 30. Januar um 13.30 Auer zu Diddeleng um Kannerbichermaart am Kulturzenter „opderschmelz“ virgestallt (allkéiers zesumme mat anere Kremart-Bicher).

IMG_3447
Den Télécran iwwer de Schusch

 

IMG_2936 IMG_2934