Den Elmar geet trëppelen

Endlech nees eng nei Geschicht vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant op Lëtzebuergesch!

Den Elmar ass op engem klengen Trëppeltour a gesäit an héiert fantastesch Saachen. Mä déi aner Déiere sinn ze beschäftegt, fir stoen ze bleiwen a se mat him ze genéissen.

Wat entdecks du alles op dem Elmar sengem Trëppeltour?

Keen huet Zäit: eng Déieregeschicht als Spigelbild vun eiser gestresster Gesellschaft. Fir kleng a grouss Elmar-Fans, déi nees e Bléck fir dat Schéint an dat Not kréie wëllen …

Den Elmar geet trëppelen
ISBN 978-99959-39-89-2
30 Säiten, 12,95 Euro

All d’Elmar-Geschichten op Lëtzebuergesch

De Luc Marteling huet d’Aventurë vum faarweg karéierten Elefant vum David McKee op Lëtzebuergesch iwwersat. Si hunn all 32 Säiten a kaschten 12,95 Euro. Dës Bicher sinn nach ze kréien:

Den Elmar
ISBN 978-99959-830-7-9

Den Elmar an dee grousse Vugel
ISBN 978-99959-39-24-3

Den Elmar an d’Walen
ISBN 978-99959-39-25-0

Den Elmar an d’Iwwerschwemmung
ISBN 978-99959-39-26-7

Den Elmar an d’Course
ISBN 978-99959-39-27-4

Den Elmar an de Super El
ISBN 978-99959-39-28-1

Den Elmar an de Päiperlek
ISBN 978-99959-39-85-4

Den Elmar an de Reebou
ISBN 978-99959-39-87-8

Den Elmar an dee Friemen
ISBN 978-99959-39-86-1

Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar!
ISBN 978-99959-39-88-5

Den Elmar geet trëppelen
ISBN 978-99959-39-89-2

Am Hierscht 2020 erschéngt nach Den Elmar an de verluerene Schatz.
A vun Dem Elmar säin Orchester ass eng nei Oplo an der Maach!

An da gëtt et nach en extrat Buch, dat d’Form vun engem Elefant huet:
Mäin Elmar (ISBN 978-99959-39-39-7, 10 Säiten a just 12 Euro)

Scho vergraff sinn:
– Den Elmar an d’Schlaang
– Den Elmar am Schnéi
– Den Elmar an d’Monster
– Den Elmar an d’Nilpäerd
– Dem Elmar säin neie Frënd
… awer net traureg sinn, an de Bibliothéike sinn dës Geschichte sécher nach ze fannen!