Kanephora 1: Zalto mortale – Dräi Monologen

En Epicier ouni Äerm, dee sech um Escher Gaalgebierg wëllt d’Liewen huelen, de Strack schonn ëm den Hals geluecht an d’Protheesen ewechgehäit. En Taxidermist, deen zu Monaco Vakanz vum Déierenopstoppe mécht an do d’Anna aus Libyen kenneléiert an tëscht deem senger batterer Realitéit an der eegener Fantasie hin- an hiergerappt gëtt. An e Camionschauffer, deen op der Sich no sengem Alter Ego queesch duerch Europa rullt, zesumme mam Luis, dem Homard.

Den “Zalto mortale” war och e Sujet am Literatur-Labo vum 100,7. Hei nolauschteren!

Zalto-Jaquette-def.indd

A sengen dräi Monologe beschreift de Jean Back op eng subtil Manéier aussergewéinlech Mënschen an ongewinnte Situatiounen. Si musse sech a Fro stellen, musse sech mat engem fiktiven oder wierkleche Vis-à-vis auserneesetzen, fir sech selwer ze fannen. Emol grotesk, emol ironesch, awer ëmmer mat Humor léisst den Auteur de Lieser un hire Schicksaler deelhuelen. Eng Sprooch räich u Biller a voller Rhythmus maachen aus „Zalto mortale“ en authentesche Liesgenoss.

Kremart_Kanephora_Logo

„Zalto mortale“ vum Jean Back ass déi éischt Publikatioun an der Serie „Kremart Kanephora“, der neier Bibliothéik vu „Kremart Edition“.

DEN AUTEUR

Zalto_mortale_AUTEUR
Den Auteur a säi Wierk: De Jean Back mat sengem “Zalto” (Foto: Steve Müller)

 

De Jean Back, 1953 gebuer, huet sech scho fréi mat der Fotografie a mam Zeechnen an och mam Film beschäftegt. No de Joren am Escher Jongelycée huet en am Familljeministère mat Schaffen ugefaangen, ass 1985 an de Kulturministère gewiesselt, wou e matgehollef huet, de Centre national de l’audiovisuel (CNA) an d’Liewen ze ruffen, deem e vun 1989 bis Februar 2016 virstoung. Seng bis elo eenzeg Fotosausstellung „Lieux et Portraits au Bassin Minier“ gouf 1989 an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng gewisen.

Säin éischte Roman „Wollekestol“, a Lëtzebuerger Sprooch, koum 2003 an den Éditions Ultimomondo eraus. „Mon amour schwein“, eng Sammlung vu 16 Kuerzgeschichten an Erzielungen, gouf 2008 virgestallt. Dem Jean Back seng drëtt Publikatioun „Amateur“ baséiert op enger Klassenaarbecht vun 1971 am Escher Jongelycée. Si gouf 2009 publizéiert an am Oktober 2010 mam Europäesche Literaturpräis ausgezeechent. D’Buch ass an Tschechien a Serbien nei editéiert ginn. An „Wéi Dag an Nuecht“ (2012) ginn dräi Erzielunge virgestallt, an deene Mënsche laanscht Grenze reesen, baussen a bannen, villes entdecken, awer och ferm musse struewelen, fir net aus dem Gläichgewiicht ze geroden. De Kuerztext „Fitbull“, deen als Bäitrag fir de „Sentier des Poètes“ ronderëm den Tëtelbierg verfaasst gouf, ass viru Kuerzem am Katalog „Geschichten aus unseren Wäldern“ vun der Europäescher Kommissioun erauskomm. E gouf an 28 Sproochen iwwersat. D’Erzielung „Karamell“ gouf 2014 am Verlag Ultimomondo publizéiert.

ZALTO LIVE

De Jean Back liest aus sengem neiste Buch um Freideg, 5. Februar 2016 zu Esch an der Kulturfabrik am Kader vum Lëtzebuerger Liesowend.

cover1

Jean Back: Zalto mortale – Dräi Monologen
Haardcover ganz am Léngent, mat Jackett an 3 Liesbännercher
Kremart Kanephora (www.kremart.lu)
ISBN 978-99959-39-41-0
112 Säiten, 19,95 Euro

 

Kremart_Kanephora_Logo