De Kuakerino

De Kuakerino ass e gléckleche Fräsch, bis eemol e puer Libelle bei sengem Dëmpel stallhalen, fir do ze danzen. Et ass einfach ze schéin, wéi si am Liicht glënneren an duerch d’Loft schwiewen. Fir de Kuakerino steet fest: Hie wëll och danze léieren! Ma d’Libelle maache just de Spunnes mat him: Danze mat esou engem mockelege Bauch an esou bossege Knéien? Awer de Kuakerino gëtt net op, hien trainéiert an trainéiert …

E lëschtegt Billerbuch, dat weist, wéi ee mat Courage an engem staarke Wëllen iwwer sech eraus sprange kann.

D’Christiane Kremer huet d’Geschicht vum Anja Ackermann, illustréiert vum Stefanie Reich, op Lëtzebuergesch iwwersat.

Anja Ackermann, Stefanie Reich:
De Kuakerino – E Fräsch wëll an de Ballet
Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2019
ISBN 978-99959-39-96-0, 12,99 Euro