So mol, Lobo! – Buchpräis 2019

Kremart Edition ass frou, Iech en neit Kannerbuch virzestellen: Eng Eegeproduktioun, déi elo op der Frankfurter Buchmesse Ufank Oktober offiziell virgestallt gëtt. Geschriwwe gouf „So mol, Lobo!” vum Christiane Kremer (ë.a. „Mammendag“, „Poli & Maisy“), illustréiert gouf se vum Vincent Biwer … an am November 2019 krut si de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerbuch!

“Firwat ass den Himmel haut net Blo?”
“Wéi vill Stécker Schockela sinn am Schockelasbotter?”

De Lobo gëtt keng Rou: Hie wëll ëmmer alles wëssen an huet ëmmer Froen.

“Du frees engem Lächer an de Bauch …”
“Lobo, elo net, so mir dat méi spéit …”
“Wann déi grouss Leit schwätzen, mussen déi Kleng roueg sinn …”
“Lobo, wann s de eppes soe wëlls, muss du de Fanger weisen …”

Keen hëlt sech Zäit, fir dem Lobo eng Äntwert ze ginn.

“Wa kee mir nolauschtert, da muss ech och net méi schwätzen”, denkt de Lobo fir sech an hält duerno einfach de Mond.

Dat geet esou laang gutt, bis e seng nei Nopesch Lola kenneléiert.

“So mol, Lobo!” ass eng Geschicht iwwer d’Schwätzen. An doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen. Mat vill Gefill an Afillungsverméigen erzielt vum Christiane Kremer a genee esou empathesch illustréiert vum Vincent Biwer.

Eng spilleresch Kannergeschicht, déi fir Gespréich suergt.

So mol, Lobo!
Text: Christiane Kremer
Illustratiounen: Vincent Biwer
Korrektur: Myriam Welschbillig
Layout: Presss
Drock: Imprimerie Centrale
Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2018
ISBN 978-99959-39-92-2
Säiten: 32
Präis: 20 Euro