Bicher, déi frou maachen. Esou Bicher wëlle mir erausbréngen. Dat war eise Grondsaz, wéi mir Kremart Edition 2013 gegrënnt hunn. Mir, dat sinn d’Christiane Kremer, d’Viviane Leytem an de Luc Marteling. Mir hoffen, mir konnten eist Versprieche bis elo erfëllen …
Zalto mortale
Dräi Monologe vum Jean Back fir den Optakt vu Kanephora.
Die Tage, die Dinge
Interagierende Beziehungs-geschichten von Linda Graf.
Allen Ernstes
Pointiert-ironisch skizziert Maryse Krier die Neurosen ihrer Figuren.
Trakl Blues
Ballade und Bilder. Film und Flüchtlinge. Von Jean Back.
Perdue dans la vallée
Un conte teinté de spleen, de Julie Vinandy-Schmit.
Alle véierzéin
Vun der Meuse op d'Musel a Miseler Sprooch. Vum Alain Atten.
Serie SMART
20 Faarwen, 20 Auteuren, 20 Geschichten. Iwwer 30.000 Exemplairë verkaaft. Merci!
Eng gutt Lies
En exklusive Kaddo: 1 grouss Fläsch an 20 kleng Bicher. E super Coffret: just 88 Euro!
Smart-Set
Schwaarz oder wäiss? Natierlech gëtt et déi 20 Smarties och an enger Box.
12 x TIMBA!
Zackeg wéi en Timber! Eis nei Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch.
Hei driwwer fannt Dir d’Bicher vun ‘Kremart Kanephora – Déi nei Bibliothéik vu Kremart Edition’. Do dernieft gëtt et dräi Reie mat Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch: ‘Smart Kremart by Kremart Edition’ gouf mam 20. Buch ofgeschloss (sämtlech Bichelcher sinn awer nach ze kréien). Den Nofolger heescht ‘Timba’ a leeft nach. An nei: ‘Bucktugou’ fir e literaresche Snack tëschenduerch an dat fir nëmmen 1 Euro!
Hei driwwer fannt Dir déi dräi Kannerbicher vum Christiane Kremer, hei drënner eis zwou beléiftsten Iwwersetzungen: d’Aventurë vum faarweg karéierten Elefant ‘Elmar’ vum David McKee an d’Geschichte vun ‘Déi kleng Prinzessin’ vum Tony Ross.
All d’Kremart-Bicher sinn an de Librairien an iwwer Letzshop.lu ze kréien, eenzel Bicher gëtt et och bei Amazon, ma se kënnen och direkt beim Verlag bestallt ginn duerch Iwwerweise vum Präis vum Buch op de Kremart-Kont BGLL LU58 0030 8889 9726 0000. Aktuell froe mir KEE PORTO. D’Bicher kommen da bequeem per Post, dofir wgl. net vergiessen unzeginn: Numm, Adress, Titel a Stéckzuel. Gäre kënnt Dir Är Commande och per Mail op kontakt@kremart.lu confirméieren. Merci am Viraus!
An den NEWS fannt Dir och eise ganze KATALOG 2019 als Download. Vill Spaass!