Den Elmar an d’Schlaang – VERGRAFF

Oder d’Fro, wie mat wiem den Uz mécht

Déi gro Elefante wëllen hirem faarweg karéierte Frënd eng spillen. Ma hinne fält näischt an. Dofir froe si déi al, gewëtzte Schlaang ëm Hëllef. Déi huet eng cool Iddi, mä si versteet sech och gutt mam Elmar … Um Schluss stellt sech d’Fro: Wie mécht iwwerhaapt mat wiem de Spunnes?

Op eng spilleresch Manéier illustréiert „Den Elmar an d’Schlaang“ de Sproch: Wien engem aneren eng Fal stellt, dappt um Enn nach selwer dran. A well d’Schlaang sech aus dem Stëbs mécht an an d’Vakanz geet, nodeems se den Uz mat den Elefante gemaach huet, bréngt Kremart hir Geschicht pénktlech virum Summercongé eraus.

No „Den Elmar“, „Den Elmar an d’Nilpäerd“ an „Den Elmar an d’Monster“ (Infoen hei drënner) ass „Den Elmar an d’Schlaang“ ewell déi véiert Aventure vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant, déi de Luc Marteling fir Kremart Edition an d’Lëtzebuergescht iwwersat huet.

David McKee
Den Elmar an d’Schlaang
ISBN 978-99959-39-22-9
30 Säiten, 12,95 Euro

 

Elmar_Schlaang_1024