Den Elmar an de Super El
Enges Moies héiert den Elmar e verzweiwelten „o nee“. Hie kuckt ëm sech a gesäit de Super El. Dee klengen Elefant brauch Hëllef, well eng pickeg Heck säi Kostüm ganz schampeléiert huet …
De Super El muss also bei d’Tatta Tzidoni goen, well déi kann him hëllefen. Déi aner Déiere sollen awer näischt an Uecht huelen, dofir lenkt den Elmar se of … ëmmer op eng aner Manéier …
Kleeder maachen net just Mënschen, ma och Elefanten.
An zesumme ginn déi duerch déck an dënn!
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2017/10/Elmar_SuperEl.jpg)
De Luc Marteling huet och dës Geschicht vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant iwwersat, d’Myriam Welschbillig huet se nogelies.
David McKee
Den Elmar an de Super El
ISBN 978-99959-39-28-1
28 Säiten, 12,95 Euro
Vum David McKee si bis elo bei Kremart Edition erauskomm:
- Den Elmar (Summer 2014)
- Den Elmar an d’Nilpäerd (Hierscht 2014) – vergraff!
- Den Elmar an d’Monster (Fréijoer 2015)
- Den Elmar an d’Schlaang (Summer 2015)
- Den Elmar am Schnéi (Hierscht 2015)
- Den Elmar an de grousse Vugel (Fréijoer 2016)
- Den Elmar an d’Walen (Summer 2016)
- Den Elmar an d’Iwwerschwemmung (Hierscht 2016)
- Den Elmar an d’Course (Fréijoer 2017)
- Den Elmar an de Super El (Hierscht 2017)
- An e grousst Buch mat Téin: Dem Elmar säin Orchester (Wanter 2016) – vergraff!
- An e klengt Buch mat engem Spigel: Dem Elmar säin neie Frënd (Wanter 2017)