Fanger-Stempelen: Am Mier

Du bass frou mam Mier? Hues Fësch a Kriibsen an Deckelsmouke gär? An dir gefalen och Séipäerdercher, Tëntefësch a Schëffer? Dann ass dat heite Buch genee dat richtegt fir dech. Virausgesat, du schaffs och gäre mat denge Fanger, well déi brauchs de, fir dëst Buch fäerdeg ze maachen: fir dem Séistär Punkten ze ginn, fir d’Pinguinen am Waasser schwammen ze loossen a fir d’Muschele méi schéin ze maachen. En Heedespaass!

Wéi Kremart viru Joren en éischt Fangerstempele-Buch erausbruecht hat, war et eenzock vergraff. Du koum d’Versioun mat Monsteren no, déi iwweregens nach ze kréien ass, an elo dauche mer an an d’Mier.

Loosst Iech begeeschteren, maacht Äert Liewe faarweg! E Buch mat 7 Stempelkëssen a 64 Säite fir e super Präis.

Fiona Watt (Text)
Candice Whatmore (Illustratiounen)
Fanger-Stempelen: Am Mier
Mat 7 Stempelkëssen!
ISBN 978-2-919781-61-4
64 Säiten • 16 €