Dee klenge Bier brauch e Brëll

Brëlle si sou cool! A peche sou gutt!

Nom phantastesche Succès vum Buch mat Spill-Plooschtere kënnt elo e Buch mat Spill-Brëller:

De klenge Bier brauch e Brëll. Mä de Brëll vum Hond ass him ze faarweg an dee vun der Maus gesäit ganz butzeg aus. Dofir weess de Bier: “Ech muss een eegene Brëll kréien!” Hëllefs du dem Bier, dee richtege Brëll ze fannen?

Déi fënnef lëschteg Brëller am Buch kënnen einfach agepecht an nees erausgeholl ginn. D’Spill-Brëller pechen op glaten Uewerflächen a sollte si eemol voller Fuseme sinn, einfach duuss mat kalem Waasser ofwäschen, duerno peche se nees.

Bernd Penners a Christine Faust: Dee klenge Bier brauch e Brëll
Mat fënnef lëschtege Spill-Brëller
VIVI Kremart by Kremart Edition
(Vivi Kremart ass de Label fir “Spill-Bicher” a Spiller vu Kremart Edition)
ISBN 978-99959-39-94-6
14 Säiten, 12 Euro

An hei nach eemol de COVER: