Mäi Biller-Lexikon: Meng Welt – VERGRAFF

“Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon”: Esou heescht dës nei Serie vu Vivi Kremart, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttele soll. An dat op eng spilleresch Aart a Weis: mat groussen an eendeitege Biller, mat kuerzen an einfachen Texter a mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen.

– Wéi gesäit et am Kannerzëmmer aus?
– Wat dees du un?
– Wat spille mir an der Spillschoul?
– A wat ass an der Stad lass?

„Meng Welt“ ass de Sujet vum éischte faarwege Lexikon-Band, deen déi Plaze beschreift, déi d’Kanner kennen – vun der Schoul bis an de Gaart, vum Buedzëmmer bis an d’Schwämm.

Eng flott Entdeckungsrees mat méi wéi 100 Begrëffer aus dem Kanneralldag, op Lëtzebuergesch! Fir Jonker vun
ongeféier zwee Joer un. Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen an enger praktescher Spiralbindung.

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Meng Welt
ISBN 978-99959-39-99-1
24 Säiten • 12,99 Euro

 

Aktuell ze kréien iwwer letzshop.lu an nom Corona-Lockdown och an alle Librairien!