Nuebelschnéier

De Jong an der Psychiatrie, dee seng Mamm vermësst, obwuel e vun hir mësshandelt gouf; d’Bom Marie, déi Braatsch gespillt huet an elo am Cipa lieft, wou d’Erënnerungen un hiert Kand se tréischten; d’Mamm, déi am héijen Alter stierft, an op eemol geroden Iwwerzeegungen a Gewëssheeten aus der Bunn.

 De Firmi
Wäissen Tiger
Ze déif an d’Gewan gekuckt
(mam Ënnertitel: 20 Glieser an e puer Schierbelen)

NUEBELSCHNÉIER ass eng Sammlung vun Erzielungen a Kuerzgeschichten, déi labber uneneenhänken. Munchmol si se lëschteg, munchmol batteren Eescht. Heiansdo ass d’Sprooch ganz duuuss, heiansdo zimmlech rau. Virun allem ass et d’Sich nom Doheem an engem klenge Land.

Als Verlag si mir fest iwwerzeegt, datt dem Jean Back hei e richtege Chef-d’oeuvre gelongen ass!

Fotoe vun der Presentatioun zu Maacher am Stued Theater

D’Valerija Berdi vum 100,7 iwwer dem Jean Back seng Nuebelschnéier

D’Buch Nuebelschnéier am NO ART ON AIR vun RTL Télé Lëtzebuerg (vun 8:50 un)

De Jean Back am Kräizverhéier vum RTL-Podcast BicherLies

D’Claire Schmartz am Tageblatt iwwer d’Nuebelschnéier:

Iwwer den Auteur Jean Back (*1953):
Säin éischte Roman Wollekestol koum 2003 an den Editions ultimomondo eraus. 2015 hu seng dräi Monologen aus Zalto mortale den Optakt vun der Kanephora-Rei, der neier Bibliothéik vu Kremart Edition, gemaach. 2017 ass mat Trakl Blues eng Novell an däitscher Sprooch derbäikomm. Seng Kuerzgeschicht De Schapp beim Wal gouf 2020 an der Serie Timba vu Kremart publizéiert, parallel zu sengem Roman L’arc di Marianna bei den Editions Binsfeld. De Jean Back war bis 2016 Direkter vum CNA a gouf fir säi literarescht Wierk a säi kulturellen Engagement ausgezeechent.

JEAN BACK
Nuebelschnéier
Erzielungen a Kuerzgeschichten
© Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2023
Text: Jean Back
Korrektur: Myriam Welschbillig, Luc Marteling
Mise en pages: Tanja Hammes | creative corner
Drock: Imprimerie Centrale
ISBN 978-2-919781-62-1
106 Säiten, 22 Euro