Wann ech e Buch wier

Fir hiren 10. Gebuertsdag ze feieren, huet d’Ettelbrécker Bibliothéik zesumme mat Kremart Edition e Buch iwwer Bicher an déi domat verbonne Méiglechkeeten erausbruecht “Wann ech e Buch wier” vum José Jorge Letria geschriwwen a vum André Letria illustréiert.

D’Buch ass op Lëtzebuergesch, ma de portugiseschen Originaltext ass och dran!

Den André Letria war extra op Lëtzebuerg komm, fir iwwer säi Buch ze schwätzen a fir zu Ettelbréck an de Schoule Workshoppen ze ginn.

En Hommage un d’Magie vum Buch: poetesch a voller Fantasie. Den André Letria huet déi prägnant Texter vu sengem Papp José Jorge Letria illustréiert – eng Freed fir jiddereen, dee frou mat Bicher ass.

De José Jorge Letria ass a Portugal e bekannten a präisgekréinten Auteur, Dramatiker a Journalist, dee schonn eng Rëtsch erfollegräich Kanner- a Jugendbicher geschriwwen huet.

Den André Letria ass en international gefeierten Illustrateur an Artist. Hien ass och de Chef vum portugisesche Verlag Pato Lógico, deen dëst Buch erausbruecht huet. Weltwäit gouf et ewell an e sëlleche Sproochen iwwersat.

D’Ettelbrécker Bibliothéik huet am Kader vun hirem 10. Gebuertsdag d’Initiativ geholl, d’Buch „Se Eu Fosse Um Livro“ vum Jorge Letria an André Letria zesumme mat Kremart Edition op Lëtzebuergesch AN op Portugisesch erauszebréngen.

Lëtzebuergeschen Titel: Wann ech e Buch wier
Portugiseschen Titel: Se Eu Fosse Um Livro
Text: José Jorge Letria
Illustratiounen: André Letria
Iwwersetzung: Christiane Grün a Cristina Théato-Nunes
Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2019
A Portugal gedréckt.
ISBN 978-99959-39-90-8
60 Säiten, Hardcover
14,90 Euro