Armagnac – Eng Kriminalerzielung

Dee posthume Krimi vum Josy Braun

Mat engem Poufert fiert de Bigel vun der Béierfläsch. Den Doudegriewer hëlt zwou gehéiereg Schluppen a stellt déi ugebrache »Clausener« hannescht an de Kierfechtsbur. Deem säi Waasser ass äiskal a gëtt ni temperéiert, och wann d’Luucht driwwer vu Gloust ziddert. E Summer wéi eng Saang! 35 Grad géifen et de Mëtteg, hunn s’am Radio gesot. 30 sinn et der bestëmmt lo schonn ëm eelef Auer. Dat geet well zënter engem Mount sou. D’Blieder un de Beem gi brong. ’t héiert ee kee Vull méi.

Um Kierfecht ass ausser him kee Mënsch. Dat ass lo seng drëtt a leschte Fläsch, hie muss kucken, datt en d’Lach fäerdeg kritt, fir bei de »Greechen« op d’Gare ze kommen. An den décke Mauere vun der Wiertschaft ass et nach kill. D’Anji kann him eng Zoossissschmier maachen; doheem waart keen op hien, zënter datt säint duerch d’Bascht ass.

Armagnac_Cover.indd

Esou déi éischt Sätz aus dem Josy Braun sengem posthume Krimi „Armagnac“, deen am Oste vum Land spillt a voller Lokalkolorit stécht.

Am waarme Summer 1976 fënnt den Doudegriewer vu Biwer e Knapp vun enger aler Museksuniform an engem Graf. Hie gëtt dëse Knapp un de Basil Roemen, de Bannpréiter aus der Gemeng, weider. Deen erënnert sech dobäi un de Mord um Willy Staud am Tunnel tëscht Mäertert a Manternach am Joer 1948 – e Mord, deen ni opgekläert ginn ass. De Roemen mécht sech op d’Sich no Spuren …

Den Auteur

De Josy Braun (gebuer de 14. Januar 1938 an opgewuess zu Biwer) gehéiert zu de groussen Nimm aus der Lëtzebuerger Literatur an zu de grousse Verfechter vun der Lëtzebuerger Sprooch. Hie war vu Beruff Journalist an huet ënnert anerem am „tageblatt“ geschafft (an dobäi och intensiv un der Bommeleeëraffaire). Niewelaanscht war hien awer vrun allem als Schrëftsteller a Kabarettist bekannt.

Josy_Braun_Foto_Li_Chongbin
De Josy Braun, fotograféiert vum Li Chongbin

 

Bei der Grënnung vun den Ensembelen „Bëschzeck“, „Huwwelbänk“, „Cabaret JB“ an (dem nach ëmmer aktiven) „Cabarenert“ war hien als Auteur an Acteur aktiv. 1997 huet hie mat „Porto fir d’Affekoten“ den éischte Krimi op Lëtzebuergesch geschriwwen a war donieft als Kannerbuchauteur aktiv. Hien huet och de „Petit Prince“ Lëtzebuergesch geléiert.

Den 3. August 2012 ass de Josy Braun am Alter vu 74 Joer gestuerwen. Posthum koum den 1. Oktober 2012 säi Roman „Keen Däiwel méi, deen nach Herrgotte keeft“ eraus. De Josy Braun huet mat „Armagnac“ nach e fäerdegt Manuskript hannerlooss, e Krimi, deen och en Hommage u seng Heemecht ass.

Armagnac_rollup

Josy Braun: Armagnac – Eng Kriminalerzielung
Titelbild: Josée Klincker
Korrektur: Myriam Welschbillig
ISBN 978-99959-830-5-5
136 Säiten, 20 Euro

Nieft dem Krimi „Armagnac“ (2013) koum mat der Neioplo vum „Bommenteppech“ (2014) nach en zweete Roman vum Josy Braun bei Kremart eraus.

Armagnac-Bommenteppech