News

-

“Spawecken” op Tournee

De Jemp Schuster liest aus sengem neie Roman “Spawecken” mat Musek vum Claire Parsons. Hei d’Lëscht vun de verschiddene Liesungen. Lass geet et den 17.9.2026. Mir freeën eis op Äre Besuch. Liesungen

Weider liesen
-

Kremart-Timba Liesung den 2.9. um 18h00 zu Bouneweg

Am Kader vum Projet  “Mäi Quartier, Meng Plaz” vun der Stad Lëtzebuerg gëtt et den 2. September 2026 vun 18 Auer un op der Place Léon XII zu Bouneweg eng Liesung mat 4 Geschichten aus der Timba-Kuerzgeschichten-Serie Nummer 9 “De Schapp beim Wal” de Jean Back hëlt eis mat an en Diddelenger Bësch Nummer 10 “Déif gekillt” E Krimi ronderëm e Café zu Bouneweg ...

Weider liesen
-

KULTUR AM GAART: E Samschdeg, de 27. Juni zu Biwer – OFGESOT

OPGEPASST: Gouf wéinst der Hëtztwell mat hiren extreem héijen Temperaturen ofgesot. Gëtt vläicht nogeholl, Datum gëtt et awer nach keen. — D’Gemeng Biwer invitéiert ganz häerzlech an de Gaart hannert der Gemeng an zwar e Samschdeg de 27. Juni 2026. Um Programm: 17:00 Auer: Liesung fir Kanner vun 3 bis 9 Joer vum Martine Schoellen, “De Päddi Mc Pätterchen” 18:00 Auer: ...

Weider liesen
-

20. Juni: “De Pitt ass e Päiperlek” zu Diddeleng

All d’Raupen op deem grousse grénge Blat dreemen dervun, immens schéi Päiperleken ze ginn. All, ausser engem: dem Pitt. De Pitt ass en unisse Raup an ass domat déck zefridden. Mee wat geschitt mat em, wann e sech an e Päiperlek verwandelt? D’Geschicht “De Pitt ass e Päiperlek” (an aner Geschichten) gëtt et e Samschdeg, den 20. Juni ëm 10:30 Auer zu Diddeleng an der ...

Weider liesen
-

Dem Jemp Schuster seng “Spawecken”: Schwäiz, Randschelt, Topaze, Belle Étoile asw.

D’Netz vun de “Spawecken” gëtt ëmmer méi grouss, dem Jemp Schuster säin neie Roman ass zerguttstert lancéiert, dat ass dat mannst, wat ee ka soen! Hei e klengen Iwwerbléck: Enn Abrëll gouf et eng Avant-première vun de “Spawecken” am schwäizeresche Fribourg: Kremart Edition S.à r.l. | Avant-première: “Spawecken” an der Schwäiz virgestallt Den 8. Mee war dunn ...

Weider liesen
-

23. Mee: Elmar-Dag zu Maacher am Bicherbësch

Loscht op e puer faarweg Geschichten? Da mierkt Iech de Samschdeg, 23. Mee vir: Dann ass nämlech den ELMAR-Dag! Moies ëm 11 Auer ass Kremart zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik an nomëttes zu Gréiwemaacher an der neier Librairie Bicherdësch. Vu 15 Auer u gëtt et do zwou Geschichte mam faarweg karéierten Elefant Elmar an da kënnt och nach de Pitt geflunn. Fir Kanner vun ongeféier véier ...

Weider liesen
-

Enn Mee an Ufank Juni: Zwou Liesunge fir Kanner zu Lënster

Mir ginn Iech nees Rendez-vous an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “Am Duerf” zu Jonglënster an dat direkt zweemol: Samschdeg, den 23. Mee: Elmar-Dag Um Programm stinn dräi Aventurë mam faarweg karéierten Elefant … a wien e selwer gemoolten Elmar (oder soss eng Figur aus dem Elmar-Kosmos) matbréngt, kritt e klenge Kaddo. Fir eng kleng Hëllef: Luusst heidrënner ...

Weider liesen
-

Avant-première: “Spawecken” an der Schwäiz virgestallt

Dem Jemp Schuster säin neie Roman “Spawecken” gouf eng éischte Kéier virgestallt. Op Invitatioun vum Lëtzebuerger Club „Roude Léiw“, dat sinn d’Lëtzebuerger, déi an der Schwäiz liewen, war den Auteur am Kader vun hirer Generalversammlung am Restaurant “L’Aigle Noir” zu Fribourg. Déi Versammlung ass all Joer op enger anerer Plaz an der Schwäiz. Nieft engem Deel ...

Weider liesen