Wat? Wéi? Wou? Piraten: E Stickerbuch
Mir freeën eis, Iech en neit Kannerbuch virzestellen – eent mat richtegen a richteg ville Pechbiller an och eent mat richteg villen Informatiounen iwwer e ganz passionante Sujet: PIRATEN!
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2020/10/Stickerbuch-Piraten_Mäi_Biller-Lexikon.png)
D’Heft an engem grousse Format gehéiert zu eiser neier Serie “Wat? Wéi? Wou?”, an där dat immens erfollegräicht Buch Mäi Biller-Lexikon: Meng Welt den Optakt gemaach huet. Hei, wat alles am Pirate-Stickerbuch dran ass:
• Wëssenswäertes iwwer d’Piraten: Wéi eng gouf et? Wou hu se geraibert? Wéi hu se gelieft? A wéi huet et op hire Schëffer ausgesinn?
• Am Buch sinn iwwer 300 Stickeren, fir anzepechen oder fir selwer Biller ze maachen.
• Symboler hëllefen, déi richteg Säite fir d’Stickeren ze fannen.
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2020/10/Stickerbuch-Piraten02.png)
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2020/10/Stickerbuch-Piraten03.png)
Anne Bernhardi
Wat? Wéi? Wou? Piraten: E Stickerbuch
Mat iwwer 300 Pechbiller
ISBN 978-2-919781-29-4
8 Euro
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2020/10/Stickerbuch-Piraten04.png)
![](https://kremart.lu/wp-content/uploads/sites/4/2020/10/Stickerbuch-Piraten05.png)