Mäi Biller-Lexikon: D’Joreszäiten – VERGRAFF

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon – Esou heescht dës nei Serie vu Vivi Kremart, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttelt. An dat op eng spilleresch Aart a Weis:

• mat groussen an eendeitege Biller,
• mat kuerzen an einfachen Texter,
• mat feste Säiten a mat Spiralbindung,
• a mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen.

Nom Band 1 Meng Welt (dee ganz séier vergraff war) geet et am Band 2 ëm D’Joreszäiten:

Wéi erwächt d’Natur?
Wat maache mir am Summer?
Wie mécht d’Blieder faarweg?
Wou liewen d’Déieren am Wanter?

Eng flott Entdeckungsrees duerch d’Joreszäiten, mat de passende Bezeechnungen op Lëtzebuergesch!

An der nämmlechter Rei, awer an engem méi grousse Format koum och eraus: Piraten – E Stickerbuch. Mat méi ewéi 300 Pechbiller … a mat villen Informatiounen iwwer d’Piraten!

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: D’Joreszäiten
Illustratioun an Text: Constanza Droop · Iwwersetzung: Kremart Edition
Biller-Lexikon fir Kanner vun 2 bis 4 Joer
ISBN 978-2-919781-28-7, 16 Säiten, 12 Euro

D’Serie Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon:
• Faarweg, praktesch, informativ
• Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen
• Mat bequeemer Spiralbindung

Weider Bicher an der Serie “Wat? Wéi? Wou?” si geplangt!