Bonnie (lëtzebuergesch-englesch)

En neit Kannerbuch an zwou Versiounen: eemol lëtzebuergesch-franséisch an eemol lëtzebuergesch-englesch. Geschriwwe vum Tullio Forgiarini an illustréiert vum Claude Grosch.

D’Bonnie kann net schlofen. Et langweilt sech. A soss ass kee waakreg am Haus. Oder? D’Bonnie mécht sech op d’Sich no de Monsteren aus der Nuecht, fir mat hinnen … ze spillen! Well d’Bonnie fäert keng Monsteren. Fäerten, dat ass just eppes fir Erwuessener!

Nuets gutt schlofen … dat klappt net ëmmer. Bonnie probéiert, mat Sensibilitéit, Fantasie an e bëssen Humor d’Angscht virun der Däischtert ze meeschteren. Net nëmme fir Kanner.

Vun 3 Joer un

Bonnie can’t sleep. She is bored. So, she goes looking for the creatures of the night… To play with them! Bonnie isn’t afraid. Only grown-ups are scared of monsters!

Getting a good night’s sleep… It doesn’t always work. With sensitivity, a little humour, and a lot of fantasy, Bonnie tries to overcome these fears. A book for children… but not only.

For children aged 3 and over

– – –

Tullio Forgiarini & Claude Grosch
BONNIE
Fäerten, dat ass just eppes fir Erwuessener!
Only grown-ups are afraid of monsters!
Drock: Imprimerie Centrale
ISBN 978-2-919781-65-2
32 Säiten, 25 Euro