Déi kleng Prinzessin: Ech wëll meng Hänn net wäschen! – VERGRAFF

Déi nei Geschicht vun der Klenger Prinzessin passt gutt an d’Zäit, well an „Ech wëll meng Hänn net wäschen!“ geet net nëmme vu Knascht a Gerécher un de Patte rieds, ma och vu Bazillen a Bakterien un den Hänn, wat an Zäite vu Grippewelle jo net vu Muttwëll ass … Et ass ewell déi drëtt Geschicht vum Tony Ross senger adeleger Knätzel, déi d’Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Fir 2017 sinn nach zwou weider Aventurë virgesinn: „Ech maachen dat selwer!“ an „Ech wëll d’Luucht un!“

Tony Ross
Déi kleng Prinzessin: Ech wëll meng Hänn net wäschen!
ISBN 978-99959-39-63-2
28 Säiten, 12,95 Euro

Wash_my_Hands_LU_Cover.indd