Mammendag

vum Christiane Kremer an Anne Mélan

„Mammendag – Dem Sarah seng Sich nom richtege Cadeau“ koum, wéi kéint et aneschters sinn, pénktlech fir Pappendag eraus. Dat war am Oktober 2013 an domat war „Mammendag“ dat éischt Buch vu Kremart Edition iwwerhaapt. An et war dat éischt Buch vum Christiane Kremer. Illustréiert gouf et vum Anne Mélan.

D’Buch war och nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014 an der Kategorie „Kanner- a Jugendbicher“.

Mammendag_Cover_medium

D’Geschicht

Et ass geschwë Mammendag. D’Sarah wëll senger Mamma, mat där hatt eleng wunnt, onbedéngt e ganz besonnesche Cadeau maachen. Net just déi Bastelaufgaben aus der Schoul, déi seng Mamma ëmmer mat ganz vill Léift an hir „Schatzkëscht“ leet – eng Këscht, déi se dann awer ni méi opmécht. D’Sarah freet säi beschte Frënd Joey ëm Hëllef. Dee wunnt mat sengen zwee Pappen net wäit ewech. An hirer Famill ass ëmmer gutt Laun a si kënnen dem Sarah bestëmmt hëllefen …

D’Buch „Mammendag – Dem Sarah seng Sich nom richtege Cadeau“ erzielt d’Geschicht vun engem klenge Meedchen, dat senger Mamma Zäit schenke wëll. „Mammendag“ ass awer och eng Geschicht iwwer Respekt, Léift an Toleranz an enger Welt, déi sech verännert an nei Chancë vun Zesummeliewen a Familljegléck bitt.

D’Auteurinnen

D’Christiane Kremer (1961) ass eng vun de bekanntste Lëtzebuerger Radiosstëmmen. Ma net nëmmen d’Schwätzen, och d’Schreiwe mécht der Programmcheffin vun RTL Radio Lëtzebuerg Spaass: Theaterstécker, Cabaretstexter, Kuerzgeschichten … Nieft Kultursujeten interesséiere si Gesellschaftsthemen. Jorelaang war d’Journalistin och fir d’Kanneremissiounen um Radio zoustänneg. Mat dem Text fir d’Buch „Mammendag“ huet d’Christiane Kremer sech net eleng den Dram vun enger éischter eegener Publikatioun erfëllt, ma och nach e Plädoyer geschriwwe fir eng méi tolerant Gesellschaft, wat hir besonnesch um Häerz läit. Eng kleng Geschicht mat groussem Message, verzielt an doucë Wierder a mat vill Léift fir déi eenzel Personnagen.

Auteure_Christiane Kremer
Christiane Kremer (Foto: Sven Becker)

 

D’Anne Mélan (1984) ass eng jonk Lëtzebuerger Artistin. Si huet Konscht studéiert op den Universitéite vun Toulouse a vu Stroossbuerg (Arts Appliqués an Arts Plastiques) an huet duerno en eegene Grafikstudio opgemaach, an deem si sech haaptsächlech mat Industrie-Design beschäftegt. D’Anne Mélan zeechent och: Si huet Affichen entworf fir d’Schueberfouer a fir d’Rockhal, war eng vun den dräi Finaliste vun der Tëleesemissioun „Generation Art“ an huet och schonn am CAL an am Konschthaus beim Engel ausgestallt. Der Anne Mélan hir Virléift fir realistesch Portraiten ass hir bei dësem Buch entgéintkomm. Entstane sinn detailverléift Illustratioune voller Versteesdemech.

Auteure_Anne Mélan
Anne Mélan (Foto: Sven Becker)

 


 

Christiane Kremer (Text) & Anne Mélan (Illustratiounen)
Mammendag – Dem Sarah seng Sich nom richtege Cadeau
Fir ze liesen a virzeliese fir Kanner vu 6 Joer un
Layout: Granduchy
Drock: Imprimerie Centrale
ISBN 978-99959-830-0-0

40 Säiten, 15 Euro

 

Mammendag_Postkaarten_7_low