SichMech an der Béchs – Weltall-Zoo

Sich de Bee-Fësch, de Glotzi, de Ramm-Ramm, d’Véier-Déier an all déi aner Awunner vum Planéit Schlabber-Bing: „SichMech an der Béchs“ ass e klassescht Memo-Spill, dat op dem Buch „Weltall-Zoo“ vum Lara Marteling baséiert.

Weltall-Zoo-Memo1

D’Fabelwiesen huet d’Lara, Joergang 2003, am Alter vu 7 bis 9 Joer erfonnt a gemoolt, doraus ass dunn „eng Rees op e Planéit mat onbekannten Déieren“ entstanen. De Weltall-Zoo ass 2013 bei BoD erauskomm an op Lëtzebuergesch (ISBN 978-3-84826-085-0) an op Däitsch (ISBN 978-3-73223-507-0) ze kréien. Déi däitsch Versioun ass och an der Offer vun „Kindle FreeTime Unlimited“.

SichMech01

Am „SichMech an der Béchs – Weltall-Zoo“ ginn et vun de 24 Motiver mat Fantasie-Déiere jeeweils 3 Kaarten. Kaarte mam Bild no ënnen ausleeën an da Koppelen oder Drillinge sichen. Fir déi liicht Variant vun all Motiv just 2 Kaarten huelen, dann dierf och all Spiller ëmmer 2 Kaarten opdecken; fir déi schwéier Variant all d’Kaarten huelen, dann duerf een der och ëmmer 3 opdecken, ma da muss ee vun all Motiv och déi 3 Kaarte fannen, fir se duerfen ze halen. Gewonnen huet deen, deen um Enn déi meeschte Kaarten huet.

Vivi_Kremart_Logo_horiz_big

Den „SichMech an der Béchs – Weltall-Zoo“ ass erauskomm bei Vivi Kremart, dem Spill-Label vu Kremart Edition. Zeechnungen: Lara Marteling. Hannergrondbiller: Nasa. Layout: Sacha Heck. Drock: Imprimerie Centrale.

Weltall-Zoo-Memo2

De „SichMech“ kascht 10 Euro an ass an e puer ausgewielte Butteker an natierlech beim Verlag selwer (kremart.lu) ze kréien..

SichMech04SichMech02

 

SichMech05 sichmech