Lëtzebuergesch richteg schreiwen: Orthographie-Cours zu Waasserbëlleg

Krit Zil wierklech just een i? A wärend keen h méi? A kann ech Vott a Visitt op Lëtzebuergesch wierklech esou schreiwen? Äntwerten op dës an nach op vill aner Froen, déi eis Rechtschreiwung betreffen, gëtt et an engem Orthographie-Cours vum Luc Marteling zu Waasserbëlleg an der Musel-Sauer Mediathéik nieft der Kierch (25, Grand-Rue, L-6630 Waasserbëlleg).

De Cours ass ëmmer donneschdes vun 19 bis 21 Auer. Aacht Seancë si virgesinn, also 16 Stonnen am Ganzen. De 17. Mee geet et lass. Präis: 60 Euro. Umelle kann ee sech beim Desti Siegler vun der MSM um Tel. 661-26 74 04.

D’Zil ass et, nom Cours Lëtzebuergesch richteg schreiwen ze kënnen. Och aktuell Tendenzen an eiser Sprooch ginn am Unterrecht berücksichtegt. A fir datt keng Hausaufgaben ze maache sinn, ginn am Cours eng Rëtsch Exercicer gemaach …

Virkenntnesser si keng néideg, just déi Lëtzebuerger Sprooch sollt ee scho beherrschen.

Hei d’Datumer am Iwwerbléck:

1) Donneschdeg, de 17. Mee
2) Donneschdeg, de 24. Mee
3) Donneschdeg, den 31. Mee
4) Donneschdeg, de 7. Juni
5) Donneschdeg, de 14. Juni
6) Donneschdeg, den 21. Juni
7) Donneschdeg, den 28. Juni
8) Donneschdeg, de 5. Juli

… allkéiers vun 19 bis 21 Auer.