Lëtzebuerger Buchpräis 2015

Um Donneschdeg, 19. November ass d’Decisioun gefall: De Lëtzebuerger Buchpräis 2015 gouf an de véier Kategorien “Kanner- a Jugendbuch”, “Fiktioun”, “Sachbuch” a “Beau-Livre” verginn. Dernieft gouf et zwee Spezialpräisser vum Jury an en Éierepräis vun der Federatioun vun den Editeuren.

Fir Kremart Edition war “De Poli an d’Maisy” an der Course, wat eis déck gefreet hat. An och wann et um Enn kee Präis ginn ass, et war e flotten Owend 🙂

Felicitatioun all de Gewënner!