Lies-Matinée op Kleeserchersdag

Eleng. Mateneen. Laanschteneen. – Haaptsaach am Gespréich!

Dräi bekannte Lëtzebuerger Auteure liesen op Kleeserchersdag um 10.30 Auer an der Stad an der Villa Vauban:
Josiane Kartheiser, Jean Back a Jemp Schuster.

PROGRAMM:

“Zalto mortale” vum Jean Back
A sengen dräi Monologe beschreift de Jean Back op eng subtil Manéier aussergewéinlech Mënschen an ongewinnte Situatiounen. Eemol grotesk, eemol ironesch, awer ëmmer mat Humor léisst en de Lieser un hire Schicksaler deelhuelen. “Zalto mortale” ass dat éischt Buch an der neier Literatur-Serie “Kremart Kanephora”.

“Gees de mat?” (Smart 10) vum Josiane Kartheiser
Eng éiergäizeg Fra an en emanzipéierte Mann, dat misst dach klappen. Mä wat ass mat Singapur? Wat geschitt, wann dee Schiet, iwwert deen ee sprange misst, méi grouss ass wéi erwaart? “Gees de mat?”, freet d’Josiane Kartheiser an hirem flott geschriwwenen, multi-empatheschen Traktat voller Perspektiv-Wiessel. An der Smart-Kremart-Serie ass dës Kuerzgeschicht d’Nummer 10.

“13, Waassergaass” (Smart 13) vum Jemp Schuster
De Jemp Schuster zerwéiert a senger Waassergaass eng ganz besonnesch “Mise en bière”. Well aus engem Béierdeckel kann ee villes erausrichen. Entdeckt en ongewéinleche Jemp Schuster, an deem en Hauch vu Béierdonst en olfaktorescht Ausnametalent op en investigativen Tripp schéckt. Dem Jemp Schuster seng Novell ass bis elo dee leschte Band an der Smart-Kremart-Serie, Nummer 13. (Spéider sollen et eemol 20 där klenger faarweger Bichelcher ginn.)

D’Liesung ass op Lëtzebuergesch. Den Entrée ass fräi. Umeldung um Tel. 4796 4900 oder per E-Mail: visites@2musees.vdl.lu … Dir kënnt awer och einfach esou opdauchen 🙂

Weider Infoen hei.

Kremart-Vauban2