Brennereifest zu Kielen: Kremart @ Distiart …

… an dat net just mam héichprozentege Krimi “Armagnac” vum Josy Braun, ma mat all eise Bicher a Kaddosiddien.

IMG_2682

Natierlech stoungen d’Bicher vun eiser Autorin Christiane Kremer am Mëttelpunkt – ëmmerhin e Kielener Meedchen. An dat huet jo och scho jett opweises: “Mammendag”, “De Poli an d’Maisy”, “De Wierdermoler” an eng flott Iwwersetzung vun engem modernen italienesche Mäerchen fir Grouss a Kleng, “D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack”.

IMG_2679

Succès haten awer zum Beispill och eis Iwwersetzunge vun den Aventure vum faarweg karéierten Elefant ELMAR, eis Max-und-Moritz-Iwwersetzung vum Alain Atten MAX A MIZ, eist BUCH MAM ZUCH an eist neit Memo-Spill SICHMECH AN DER BÉCHS – WELTALL-ZOO, alles flott Kaddosiddien … an hei ze fannen 🙂

IMG_2677

D’Brennereifest zu Kielen, organiséiert vun den “Frënn vum Brennerei-Musée” war um Samschdeg, 12. Dezember 2015 op den Nummeren 11 an 13 an der Ollemer Strooss. An et war gutt!

MERCI fir déi vill flott Feedbacken!!!