Weltall-Zoo goes Antolin!

Mat där däitscher Versioun vum Lara Marteling sengem Bichelchen “Weltall-Zoo” kann een elo och Punkte sammelen op Antolin.de!

15 Froe kritt een do gestallt an dofir ginn et 15 Punkten … wann een d’Buch ganz gelies huet an och gutt dobäi opgepasst huet.

antolin_weltallzoo

Fir d’éischt war d’Buch op Lëtzebuergesch erauskomm: “Weltall-Zoo – Rees op e Planéit mat onbekannten Déieren”. Dat war am Januar 2013. Kuerz drop gouf et och op Däitsch iwwersat.

Béid Bicher si bei “BoD – Books on Demand” erauskomm. Se sinn ze kréien op bod.de an op amazon.de an natierlech och bei Kremart Edition … mat e puer gratis Postkaarten 🙂

An Däitschland gehéiert deen däitsche Weltall-Zoo iwwregens och zu der Offer vu Kindle FreeTime Unlimited.

Weltall_Zoo_Cover_DEF.indd

Bei Kremart Edition ass Enn 2015 och e Memo-Spill mat de Figuren aus dem Buch erauskomm: “SichMech an der Béchs – Weltall-Zoo” nennt sech dat Spill. 72 Kaarte mat 24 Motiver, also all Motiv dräimol, stiechen an enger bleche Béchs a garantéiere Spill, Spaass an Training fir Fantasie a Gediechtnes!

SichMech01

PRESSETEXT: „Weltall-Zoo“ vum Lara Marteling

Wann et am Universum e Planéit géif ginn, op deem lauter Déiere liewen, wéi kéinten dës dann ausgesinn? Eng Äntwert dorop gëtt d’Lara Marteling a sengem éischte Buch „Weltall-Zoo“, an deem hatt de Lieser an enger Rakéit mathëlt op de Planéit „Schlabber-Bing“. Do kritt en da 25 Déiere virgestallt, déi der Fantasie vun der jonker Auteurin entspronge sinn – dorënner dee Beefësch, de Glotzi, d’Véier-Déier an de Ramm-Ramm. Natierlech fléien d’Kanner dono och nees hannescht op d’Äerd, awer net ouni hirem Guide Gih virdrun Äddi ze soen.

lara_1

D’Lara Marteling gouf den 1. August 2003 gebuer a goung zu Jonglënster an d’Grondschoul. Vun him stamen d’Nimm, déi kuerz Beschreiwungen an déi faarweg Zeechnunge vun de Fabelwiesen. Déi astronomesch Opnamen am Hannergrond si vun der Nasa.

illu2

„Weltall-Zoo: Rees op e Planéit mat onbekannten Déieren“ ass e Buch vun engem Kand fir méi kleng Kanner (zirka 3 bis 6 Joer). D’Texter sinn op Lëtzebuergesch, ma et gëtt och eng däitsch Versioun vum Buch. Déi ass elo och op antolin.de.

antolin_weltallzoo2

De „Weltall-Zoo“ huet 60 Säiten, kascht 15,90 Euro a koum bei „Books on Demand“ (www.bod.de) mat der ISBN 978-3-84826-085-0 eraus. Et ass a ganz villen Online-Librairië wéi Amazon ze kréien an zu Lëtzebuerg och bei Kremart Edition. D’E-Book-Versioun kascht (zum Beispill bei ebook.de) 7,99 Euro.

Däitsch Versioun
Weltall-Zoo: Reise zu einem Planeten mit unbekannten Tieren
ISBN 978-3-7322-3507-0

- Weltall-Zoo_Land
De Weltall-Zoo am “Land”
Weltall-Zoo2_RakeitLOW Weltall-Zoo8_GlotziLOW Weltall-Zoo6_GuideGihLOW Weltall-Zoo7_RammRammLOW Weltall_Zoo_17x17.indd Weltall_Zoo_17x17.indd Weltall_Zoo_17x17.indd
- Weltall-Zoo_Wort
De Weltall-Zoo am “Wort”.