En Elefant an e grousse Vugel uewen am „Aquatower“

Eng Buchvirstellung ronn 50 Meter iwwert dem Buedem: „Den Elmar an dee grousse Vugel“ vum David McKee gëtt am Aquatower offiziell virgestallt. Et ass schonn déi sechst Geschicht vum faarweg karéierten Elefant, déi de Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat huet.

Gelies ginn awer och nach „De Schudder-Schusch“, eng wonnerbar Geschicht géint falsch Viruerteeler, „De Poli an d’Maisy“ vum Christiane Kremer iwwer déi aussergewéinlech Frëndschaft tëscht engem Villchen an enger Flantermaus a vläit nach eng Iwwerraschung …

Dës „Literatuerm“ gedeefte Lies-Matinée fir Kanner vun ongeféier 3 bis 7 Joer ass um Sonndeg, 13. Mäerz um 10.30 Auer am spektakuläre Waassertuerm, genannt „Aquatower“, zu Bäerdref (106A, rue de Consdorf).

Entrée fir Tuerm a Liesung: 5,50 Euro (Kaffi, Téi oder Jus an e Croissant abegraff). Umeldung via aquatower@berdorf.lu oder um Tel. 26 78 40 05 respektiv um Tel. 79 01 87-37.

Aquatower_2016-Mäerz_low